Den éischten héichsummerleche Weekend: Op dëse Plazen war et am wäermsten

Den éischten héichsummerleche Weekend geet esou lues op en Enn. An dësem Artikel sinn déi wäermst Géigenden zesummegedroen.

Advertisement

Den éischte Virstouss vun héichsummerleche Loftmassen

E Freide waren d’Temperaturen op e Maximum vun tëscht 27 an 30 Grad geklommen, am wäermste war et dobäi un der ASTA-Statioun zu Biereng.

E Samsde sinn d’Loftmassen iwwert eise Käpp nach méi waarm ginn, et ass fir tëscht 28 an 31 Grad duergaangen. Mat 30,7 Grad war et un der ASTA-Statioun zu Steesel am wäermsten.

Haut um Sonnden louche mir bei 27 bis 31 Grad, dës Kéier ass un der Kachelmann-Statioun zu Stengefort den héchste Wäert gemooss ginn. Bei all dem hunn eis de Weekend iwwer zwar e puer Wolleke begleet, eng Spuer vu Reen gouf et awer net.

Muer um Méinde kënnt zwar nach en ausféierlechen Artikel iwwert de Verlaf vun der neier Woch, mee et kann ee schonn emol soen: De Reen bleift e raren Artikel an de Summer bleift och bei eis – et gëtt just kuerz e bësse manner waarm.

Donnéeën zu den Temperaturen: Kachelmannwetter, ASTA