Den Hëtzt-Update: De neisten Ausbléck op d’Hëtztwell & de Peak vum Dënschden

Wéi schonn gesot, kënnt d'Hëtzt sécher. Dëst ass den aktualiséierten Ausbléck op déi nächst Deeg & och op den Dënschden, un dem de Peak ze erwaarden ass.

Iwwer Deeler vu Westeuropa wäert d’Hëtztwell zimmlech warscheinlech historesch ausfalen. Ob dat och zu Lëtzebuerg esou wäert sinn, kann een awer nach net esou wierklech soen. D’Berechnunge schwanken tëscht liicht ënnert der Rekord-Schwell a liicht driwwer. Mee elo mol der Rei no.

De Verlaf vun de Maximaltemperaturen:

Muer um Sonnden ass mat Maximaltemperature vun tëscht 26 an 30 Grad ze rechne, punktuell kann et besonnesch laanscht d’Musel och mol fir 31 Grad duergoen.

De Méinde gëtt et nach e Stéck méi waarm, ze erwaarde si Maximaltemperature vun tëscht 31 a 34 Grad, eenzelne Modellrechnunge kann et och bis op 36 Grad eropgoen.

Fir en Dënschden ass de Peak ze erwaarden, also den Dag mat den héchsten Temperaturen. Och elo nach, knapp 3 Deeg virdrun, ginn et Modell-Intern nach e puer Ënnerscheeder. Den däitschen ICON rechent laanscht d’Musel an och am äusserste Süd/Südoste mat bis zu 37 Grad, och den europäeschen ECMWF ass domat averstanen. Fir d’Nordspëtzt an de Nordweste gi bis 34 Grad simuléiert. Den amerikanesche GFS hätt an der Südhallschent gären eng 36 bis 38 Grad an am Norden 34 bis 37 Grad.


D’Loftmassentemperatur fir den Dënschden, 19. Juli 2022 | Grafik: wxcharts.com

D’37 an 38 Grad schéngen als absolute Maximum also ganz warscheinlech. Gëschter louchen dës Wäerter nach 1 bis 2 Grad méi héich. Dir mierkt: och elo, wou den Termin net méi am Spekulatiounsraum läit, mee an der Kuerzfrist, ginn et ëmmer nach Schwankunge no ënnen a no uewen. Dës Schwankunge wäerten och weiderhi bäigehale ginn, esouguer um Dënschde selwer. Dohier: d’Temperatur-Ugabe sinn just e Riichtwäert, a Realitéit wäert et awer punktuell nach e Stéck anescht ausfalen. An dat kann entweder no uewen, wéi och no ënne sinn.

Fazit

Fakt ass d’Hëtzt kënnt! Ob Rekorder bei eis fale ka nach kee Mënsch soen, well mir eis mat de Prognose méi oder manner genee un der Grenz beweegen, mee iwwer Westeuropa insgesamt geschitt et ganz bestëmmt.
Zanter gëschter gëllt fir England déi éischt rout Wiederwarnung iwwerhaapt wéinst Hëtzt, wat schonn eng uerdentlech Hausnummer ass. De staatleche Wiederdéngscht MetOffice prognostizéiert Maximaltemperature vu bis zu 40 Grad – Wäerter, déi England nach ni gesinn huet. Et gëtt fir keng Altersklass liicht, mee virun allem déi eeler Leit sinn enger gréisserer Gefor ausgesat. Dat ass keng Panik, dat ass einfach Realitéit.

An dann erëm déi üblech Info: egal wéi verschiddener mengen wéi et virun 10, 20, 30, 40 Joer soll gewiescht sinn: nee, esou markant an fréquent Hëtztperiode gouf et deemools nach net. D’Wëssenschaft schwätzt eng kloer Sprooch, dës Donnéeë sti schwaarz op wäiss. Dir hutt jo deemools an der Schoul net mam Schoulmeeschter oder mam Prof driwwer diskutéiert, wat 2+2 gëtt. Dir sot net Ärem Dokter, dass seng Diagnos falsch ass, well Dir e YouTube Video gekuckt hutt, Dir sot net Ärem Bäcker, deen dat schonn 20 Joer laang mécht, wéi heen säi Brout ze baken huet.