Den Hierscht kënnt esou lues: De Weekend ass den éischte Frascht méiglech

Wat Schnéi-Geschichten ugeet, musse mir eis nach gedëllegen. Wat awer zimmlech sécher schéngt ass, dass et endlech méi hierschtlech gëtt zu Lëtzebuerg. De Weekend ass den éischte Frascht méiglech.

Advertisement

D’Grousswiederlag ännert

Bis e Freiden inclus leie mir mol nach ënnert enger vill ze waarmer südwestlecher bis westlecher Stréimung. Mam Passage vun enger Kalfront an der Nuecht op de Samsden (hei an engem Artikel thematiséiert) dréint eis Stréimung op Nordwest, wouduerch hierschtlech a fréiwanterlech Loftmassen aus dem héije Nordweste kënnen ugezaapt ginn. Dëst schéngt elo mol zimmlech sécher – mee wéi et duerno virugeet, dat gesinn d’Modeller nach zimmlech ënnerschiddlech.

De Verlaf vun den Temperaturen

E Samsde klammen d’Temperature viraussiichtlech nach eng Kéier op e Maximum vun tëscht 14 a 17 Grad. Laang dauert et awer net méi, dann ass d’Kalfront duerch an hannendru kommen däitlech méi kill Loftmassen op Lëtzebuerg gefloss. An der Nuecht op de Sonnden, méi awer um Sonndemoie selwer, rechnen d’Modeller mat Minimaltemperature vun tëscht 2 a 4 Grad. Eenzel héichopgeléist Optioune wëllen esouguer 0 Grad an den Däller net ausschléissen. Wa mir elo reng just vun der Buedemtemperatur schwätzen, kënnen tëscht -2 an 3 Grad optrieden. Fazit: An der Nuecht op de Sonnden/um Sonndemoie kann et gutt kill ginn, deemno wéi sinn och glat Stroosse net ausgeschloss.


Den Ëmschwong vun iwwerduerchschnëttlechen op fréiwanterlech Loftmassen | Animatioun: wxcharts.com

Dat soll et awer nach net gewiescht sinn: Um Sonnde selwer gi Maximaltemperature vun tëscht 7 an 11 Grad erreecht, a Richtung fréie Méindemoie ginn d’Wäerter op tëscht -1 an 1 Grad zréck. Op direkter Buedemhéicht wiere mir an engem änleche Beräich, punktuell wieren awer och -4 bis -2 Grad méiglech. E Méindemëtten ass e Maximum vun tëscht 9 an 12 Grad ze erwaarden, an der Nuecht op den Dënschde soll et net méi grad esou kill ginn mat 2 bis 4 Grad Lofttemperatur.

An duerno?

Iwwerdeems den amerikanesche Wiedermodell GFS am Laf vun der nächster Woch e weidere, mee méi intensive Schwall u fréiwanterleche Loftmassen op eis duerkomme gesäit, rechent den europäesche Modell mat der Méiglechkeet, dass eis op e Neits méi waarm Loftmassen aus dem Südweste kéinten erreechen. Natierlech hale mir dat Ganzt am Aen an thematiséieren dat eng aner Kéier am Détail.