Den Oflaaf: Front bréngt neie Schnéi um Donnëschdenowend

Och um Donnëschdenowend muss nachengkéier mat bësse Schnéi uechtert Land gerechent ginn. Méi mëll Temperature stinn awer och schon an de Startlächer.

Tësche 19h an 21h kënnt de Schnéi un

D’Front ereecht eis tësche 19 an 21 Auer. Virdéicht ass et éichter nëmme Gegrimmels, ier et am weidere Verlaf méi staark schneie kann. D’Stroosse kënnen also a kuerzer Zäit wäiss ginn.

De Schnéifall soll de Modeller no bis ëm 4 Auer undaueren, eventuell och bësse méi lang. Um fréie Moie wärt et méi waarem ginn, d’Temperature klammen am Süde liicht iwwert de Gefréierpunkt. Et ass also méigleg, dass de Schnéi platzeweis a Schnéireen iwwergeet. Ass daat de Fall, dann ass tëschenduerch och mol kuerz Glëtz net onméigleg. D’Temperature klamme weider, de Risk vu glaate Stroosse gëtt innerhalb vun de Stonnen drop méi niddrëg. Um Freide selwer leien d’Temperaturen am Süde bei ëm 4 Grad. Am Norde kënne sech d’Flacke méi lang haalen, well d’Temperature méi lang am Beräich vum Gefréierpunkt bleiwen.

Am Norden ass vun den Owend bis muer de Moie fréi nachengkéier mat bis zu 10 cm Neischnéi ze rechnen. Am Süde si 4 bis 8 cm ze erwaarde, just lokal begrenzt kann et driwwer goen. Well et scho fréi ufänkt méi mëll ze ginn, sollten d’Problemer am Verkéier um Freidemoie net all ze grouss sinn.

Déi aktuell Wiederhinweiser- a Warnunge fannt Dir ënnert dësem Link.

Video vum 31. Januar 2019