Den Owend: Nächst Stonne gi méi lefteg, lokal stiermesch

Dat neit Joer geet mat variablem Wieder un, wat mir an de nächste Stonne mierke wäerten. Lokal ass stiermesche Wand ze erwaarden.

Randdéif ass verantwortlech

An de kommende Stonne passéiert eis e Randdéif, dat nëmme knapp nërdlech, doduerch gerode mir an d’Wand- resp. Stuermfeld vun dësem klengen Déif.

Bei engem Randdéif handelt et sech ëm kleng Déifdrockgebitter, déi um Rand vu gréisseren Déifdrockgebitter- oder Komplexer entstinn. Oft zéien dës immens séier vu Plaz, dofir ginn se och nach gäre “Schnellleefer” genannt. Well se esou immens kleng sinn a séier virunzéien, si se schwéier virauszesoen. Elo, e puer Stonne virdrun, kann een d’Situatioun an dësem Fall awer gutt aschätzen.


D’Randdéif mam Kär iwwert dem nërdlechen Däitschland, iwwerdeems d’Wandfeld südlech verleeft | Grafik: wxcharts.com

Elo an der Nuecht op de Méinden, groben Zäitraum ass tëscht 19h an 02h mam Maximum ronderëm 0h oder 1h, gerode mir an dat besot Wandfeld. Dobäi bléist de Wand an de Spëtzte mat tëscht 60 a 75 km/h, wat nach net grad fir eng Wiederwarnung vun der gieler Stuf duergeet. Et ass trotzdeem eng aktiv, well et wärend Reeschaueren (oder och mol engem Wieder, déi net onméiglech sinn) net kann ausgeschloss ginn, dass et mol zu Spëtzte vu bis ëm 80 oder 85 km/h komme kann, änlech wéi um vergaangenen Dënschden.

Et handelt sech heibäi also ëmt eng lefteg bis deels stiermesch Situatioun wéi mir se ëmmer erëm mol gewinnt sinn. D’Wiederwarnung ass op alle Fall eng, déi niddereg ugesat ass.

Schonn an der zweeter Nuetshallschent leet sech de Wand.