Zanter dem Update vun de Moien huet sech nëmmen e puer Eenzelheeten geännert. De geneeën Oflaf hunn ech Iech an dësem Artikel zesummegefaasst.
De neiste Modellstand fir e Mëttwoch
Den Dag vu muer gëtt ouni Zweiwel en immens spannenden, mee am schlëmmste Fall och e geféierlechen. Dat net duerch de Schnéi, mee haaptsächlech duerch de Glëtz/Äisreen. Sollt sech de Worst Case duerchsetzen, da kéint sech plazeweis eng 1 bis 2,5 cm déck Äisschicht forméieren, duerch déi Beem ëmfalen, Äscht ofbriechen an esouguer Stroummasten-/Leitunge kënne beschiedegt ginn. Mee och ouni Worst Case sollt een d’Lag fir muer opmierksam matverfollegen.
De Verlaf
Dem neiste Modellstand no soll den éischte Schnéi net kuerz viru 6, mee méiglecherweis schonn géint 04:30 Auer virun de südleche Grenze vu Lëtzbuerg stoen. Vun do aus wäert e sech bis ronderëmt 6 Auer bis bal an de Norden eran ausgebreet hunn. Zur selwechter Zäit klëmmt awer schonn de Risk vum éischte Glëtz, deen och aus Frankräich eropgezu kënnt.
Géint 9 Auer soll och de Schnéifall och ganz do uewen am Norden ukomm sinn – dëse ka méi staark ausfalen! Parallel dozou hu mir de Glëtz, deen sech de meeschte Berechnunge no bis dohin vum Süden aus bis an d’Hallschent vum Land soll virugeschafft hunn. Och dëse ka kräfteg ausfalen, wat d’Situatioun net onbedingt besser mécht.
Géint 12 Auer ass déi waarm Loftschicht op 1,5 Kilometer Héicht bis iergendwou an der Nordhallschent vum Land ënnerwee. Dat heescht, dass am Gros vum Land mat Glëtz ze rechnen ass. Well d’Lofttemperatur punktuell awer och iwwer Null ka klammen, kann et e puer wéineg Plaze ginn, un deenen et wierklech “just” normale Reen ass amplaz vu Glëtz – et soll ee sech awer net drop verloossen. Am längsten hält sech de kräftege Schnéifall ganz am Norden um nërdlechste Wutz.
Géint 15 Auer läit de Glëtz/Äisreen esouwéi och Reen ëmmer nach iwwert dem Gros vum Land, un der äusserster Spëtzt vum Land gëtt de Schnéi esoulues zu Schnéireen. Vu Frankräich hier drécken awer weider ëmmer méi “Flecken” duerch, un deenen de Glëtz ëmmer manner gëtt an et just nach normal reent.
Géint 20 Auer sollt et sech an der Südhallschent méi ëm Reen handelen wéi ëm Glëtz, iwwerdeems sech am Norden de kräftege Schnéifall zréck a Richtung Süden “kämpft”. Fir Mëtternuecht an déi Stonnen drop mécht sech de Schnéifall erëm am ganze Land breet.
D’Schnéihéichten
Wéi an de Wiederwarnunge schonn Kanton fir Kanton genannt, sinn am äusserste Nordwesten, also an de Kantone Wolz a Klierf, déi héchst Schnéiquantitéiten ze erwaarden. An der Moyenne ginn tëscht 9 a 17 cm berechent – mee wann d’Loftmassegrenz nëmmen e Stéckche méi wäit südlech sollt duerchzéien, da kënne séier ëm 25 cm draus ginn. An dësem Fall géif de Glëtz och méi wäit südlech duerchgoen, esoudass manner Leit dovu betraff wieren.
Wa se méi wäit nërdlech duerchzitt, géif de Schnéi manner héich ausfalen, mee dofir kéint de Glëtz och am Norde méi markant ausfalen.
Iwwert der Mëtt vum Land kënne plazeweis tëscht 5 an 8 cm zesummekommen, iwwerdeems mir a Richtung äusserste Süden ëmmer manner grouss Quantitéite begéinen. Et schneit zwar och hei – mee sollt et och zu e puer Flecke kommen, duerch déi et richteg reent amplaz dass et zu Glëtz kënnt, da kann de gefalene Schnéi schmëlzen, wouduerch bis an den Donneschdemoien era net méi esou vill iwwereg wier. Fir de Kanton Esch Uelzecht a Réimech huet Météo Boulaide dohier keng Schnéi-Warnung erausginn, mee just en Hiweis.
De Glëtz
De Glëtz, deen leider vill ze spéit an der Mediewelt ukomm ass, kann, wann et ongënschteg leeft, wierklech fir massiv Stéierungen am Verkéier suergen. Verschidde Modeller rechne virun allem fir de Südwesten an de Südosten tëscht 5 an deels 18 l/m², déi nëmmen als Glëtz kënnen erofkommen. An dësem Fall kéim dat an d’Spill, wat mir ganz am Ufank vum Artikel gelies hunn: D’Gefor vu Beem déi ëmfalen, Äscht déi ofbriechen, Stroummasten déi kënne beschiedegt ginn. Dohier gëllt fir de Kanton Esch Uelzecht, Capellen, Stad, Réimech a Gréiwemaacher déi héchst Warnstuf 3/3.
Och op anere Plazen am Land ass Glëtz warscheinlech, mee de markantsten Deel sollt sech am Süden ophalen. Op der Warnkaart kann ee souwisou Kanton fir Kanton nokucken.