Den Temperatur-Ausbléck: Geschwënn gëtt et erëm e bësse méi waarm

Esou lues muss ee sech als Frënd vun der Wiermt domat offannen, dass d’Virstéiss vu méi waarme Loftmasse mëttlerweil duerch d’Joreszäit en ëmmer manner groussen Impakt wäerten hunn.

Advertisement

D’Grousswiederlag

D’Westwiederlag setzt sech fort, an domat och de variable Charakter. Héichdrock- an Déifdrockphasen sinn am stännege Wiessel, wat och ëmmer nach Temperaturschwankunge mat sech bréngt. Eng Ännerung vun dëser Grousswiederlag am séchere Beräich ass nach net esou wierklech a Siicht.


De viraussiichtleche Verlaf vun de Loftmasse bis e Freiden | Animatioun: wxcharts.com

Den Temperaturverlaf

D’Temperature sinn an Tëschenzäit e gutt Stéck zréckgaangen, de Moment ginn am Land tëscht 13 a 17 Grad gemooss – wat fir d’Joreszäit vollkomme normal ass. Fir muer um Sonnde gëtt mat tëscht 15 a 19 Grad gerechent an e Méinde soll et erëm op tëscht 17 an 20 Grad eropgoen. Duerch eng gréisser Déifdrockaktivitéit iwwert dem Atlantik gi kuerzzäiteg méi waarm Loftmassen aus dem Süden a Südweste vum Kontinent an eis Géigende gedroen, déi duerch d’Joreszäit awer ëmmer manner hiert vollt Potenzial kënne notzen. Esou si fir den Dënschden, aus aktueller Siicht, Maximalwäerter vun tëscht 18 an 22 Grad ze erwaarden.

E Mëttwoch wiere mir mat 18 an 21 Grad dobäi. En Donneschde ginn an der Nordhallschent tëscht 20 an 23 Grad erreecht, an der Südhallschent kéint mat 23 bis 25 Grad esouguer nach eng Kéier u summerleche Wäerter gekrazt ginn.

An den Deeg drop rëtsche mir erëm op ënner 20 Grad – wat awer, wéi gesot, ganz normal fir d’Joreszäit ass.