Den Temperatur-Ausbléck: Kënnt d’Wiermt geschwënn zréck op Lëtzebuerg?

Et huet gutt ofgekillt zu Lëtzebuerg. Mee och wann de Freiden de meteorologeschen Hierscht ugeet, heescht dat net, dass et esou kill bleift. De Modeller no kéint kuerz erëm fir den T-Shirt duergoen.

Advertisement

Geschwënn méiglecherweis manner kill

De Moment leie mir nach gréisstendeels ënner Déifdrockafloss, duerch deen et ëmmer erëm kann zu enger eenzelner Schauer kommen. Den Haapt-Effekt dovun ass awer deen, dass sech d’Temperaturen zréckhalen. An dësem Moment, an dem den Artikel geschriwwe gëtt, leien d’Temperaturen ueschtert d’Land bei tëscht 17 an 21 Grad a fir déi nächst Deeg steet nach net direkt eng däitlech Erwiermung un.

Erwiermung? Jo! De meteorologeschen Hierscht geet den 1. September un, mee dat muss näischt heeschen. De momentane Modellrechnunge no steet eis geschwënn e Changement vun der Grousswiederlag un. Vun der zweeter Wochenhallschent un leet sech héije Loftdrock iwwert den Alperaum, iwwerdeems westlech vun eis ëmmer nach déiwe Loftdrock befënnt. Doduerch géifen erëm méi waarm Loftmassen an eis Géigende gelenkt ginn. Och am Ufank vun der nächster Woch gëtt et net onbedingt direkt méi kill, dat duerch héije Loftdrock deen sech vun de britteschen Inselen hier bis an den Oste vun Europa erstreckt. En Déifdrockgebitt, wat zur selwechter Zäit westlech vu Portugal géif leien, géif dobäi hëllefen, dass et net direkt méi däitlech kill gëtt.


De viraussiichtleche Verlaf vun de Loftmassen bis en Dënschden inclus | Animatioun: wxcharts.com

Sollt sech dës Grousswiederlag vun der Theorie an d’Praxis ëmsetzen, dann kéint et schonn e Freiden am Süde vum Land fir 23 Grad duergoen, e Samsde wieren esouguer tëscht 23 a 27 Grad am Land verdeelt ze erwaarden. Fir e Méinde wieren ëm 25 Grad als Maximum dran, en Dënschden d’selwecht. Et muss een awer och soen, dass d’Modeller vun dësem Zäitpunkt un och erëm wäit auserneen ginn – anerer gesinn zu där Zäit beispillsweis schonn erëm däitlech méi niddereg Wäerter.