Den Temperatur-Check: Esou waarm gëtt et an de nächsten Deeg

An Tëschenzäit huet sech schéint a fréisummerlecht Wieder bei eis agestallt. A nächster Zäit soll et nach en Tick méi waarm ginn. Hei e klengen Iwwerbléck iwwert eis Temperaturen.

Advertisement

Héije Loftdrock suergt fir summerlech Temperaturen

Eis Temperature beweege sech och schonn de Moment an engem fréijoersméissege bis fréisummerleche Beräich. A nächster Zäit gëtt et nach en Tick méi waarm, mee fir de richteg markante Virstouss vun hëtzege Loftmasse geet et fir den Ufank awer nach net duer.

An Zuele geschwat kréie mir et muer e Méinde mat Maximaltemperature vun tëscht 20 a 24 Grad ze dinn, laanscht den äusserste Südoste vum Land kéinte punktuell och 25 Grad oder knapp driwwer optrieden. En Dënschden ass e klenge “Knéck” no ënnen dobäi, dat bei 17 bis 23 Grad.


De viraussiichtleche Verlaf vun de Loftmasse bis de Sonnden inclus dem europäesche Modell no | Animatioun: wxcharts.com

Vum Mëttwoch u gëtt et dem europäesche Wiedermodell no däitlech méi waarm. E Mëttwoch selwer sinn dësem Modell no tëscht 22 a 25 Grad ze erwaarden an en Donneschde 24 bis 28 Grad. E Freide wier et mat 18 bis 23 Grad erëm e bësse manner waarm, mee fir de Weekend selwer wieren erëm méi wéi 25 Grad um Programm.


De viraussiichtleche Verlaf vun de Loftmasse bis de Sonnden inclus dem amerikanesche Modell no | Animatioun: wxcharts.com

Dem amerikanesche Modell no geet et e Mëttwoch mat 20 bis 24 Grad virun, en Donneschde wiere mir mat 25 Grad dobäi an e Freide géif et erëm op tëscht 18 an 22 Grad erofgoen. Fir de Weekend selwer wier, genee wéi den europäesche Modell et gesäit, erëm eng Erwiermung mat bis zu 26 Grad dobäi.

Vum Muster hier solle sech d’Temperaturen den zwee Modeller no also d’selwecht beweegen, just ass den europäesche Modell insgesamt méi waarm ënnerwee. Wéi am Ufank gesot geet et a nächster Zäit also mat zimmlech angenehme Wäerter virun, déi sech am summerleche Beräich beweegen. Déi grouss Hëtzt ass bis ewell nach net a Siicht.