Den Temperatur-Update: D’Wäerter klammen, de Weekend sinn 10 Grad net ausgeschloss

Duerch d'Déifdrockaktivitéit iwwert dem Atlantik ginn eis méi mëll Loftmassen aus dem Südweste vun Europa zougespillt. Dëst féiert dozou, dass d'Temperature klammen - eenzel Modeller wëllen esouguer zweestelleg Plusgraden net ausschléissen.

Advertisement

Advertisement

Déifdrockkomplex spillt gréisser Roll

Am Artikel virdrun hu mir driwwer geschwat, dass et de Weekend méiglecherweis kéint stiermesch ginn. Dëst duerch e Randdéif, wat ronderëmt e gréisseren Déifdrockkomplex geschleidert gëtt, deen iwwert dem nërdlechen Atlantik läit. Dëse Komplex wäert awer net nëmmen dofir verantwortlech sinn, mee och fir méi héich Temperaturen. Eenzelne Modeller no kéinte mir esouguer 10 Grad erreechen oder passéieren.

De Verlaf

Muer um Donneschde spiere mir dovu mol nach net esou vill, mir si mat Maximalwäerter vun tëscht 0 a 4 Grad am wanterleche Beräich ënnerwee. Fir e Freide stinn Héchsttemperature vun tëscht 5 a 7 Grad um Programm, e Samsde soll et 5 bis 7 Grad mëll ginn.


Esou geléngen déi méi mëll Loftmassen op Lëtzebuerg | Animatioun: wxcharts.com

An der Nuecht op de Sonnde solle sech déi méi waarm Loftmasse nach besser bemierkbar maachen, d’Wäerter kéinte sech tëscht 6 a 9 Grad apendelen. En änleche Virstouss ass och fir d’Nuecht op e Méinden an de Modeller ze fannen, duerch deen mir um fréie Méindemoien deemno wéi tëscht 9 an 11 Grad kéinten moossen. Den amerikanesche Wiedermodell wëll e Méindemëtten esouguer 13 Grad net ausschléissen.

Fazit

Ofgesinn dovun, wéi waarm et wierklech gëtt: D’Temperature klammen op alle Fall – an zwar an e Beräich, deen een net méi wanterlech ka nennen. Dat mam Schnéi gëtt fir déi nächst Zäit also erëm eng méi schwiereg Geschicht.