Den Temperatur-Update: Samschden oder Sonnde markante Réckgang méiglech

Wéi jo schonn matgedeelt, stinn eis elo déi bis ewell wäermst Deeg vum Joer un. De Weekend gëtt et awer schonn erëm méi wackeleg, spéitstens fir e Sonnde gëtt mat engem markante Réckgang gerechent.

Loftmasse riicht aus Afrika

An de nächsten Deeg spillt engersäits eist Héichdrockgebitt eng Roll, wat sech a Richtung Weekend lues awer sécher a Richtung Osten a Süde vum Kontinent verlagert. Anerersäits ass awer och eise Géigespiller wichteg, nämlech en Déifdrockgebitt virun der Küst vu Portugal a Spuenien. Duerch seng Dréiung géint d’Auer gëtt d’Zoufuer vun de Loftmassen, déi hiren Uersprong an Afrika hunn, vereinfacht. Ënnert dëser Konstellatioun gi bis en Donneschden/Freiden déi bis ewell wäermst Deeg vum Joer zu Lëtzebuerg erwaart.


De Verlaf vun de Loftmasse bis e Freiden inclus | Animatioun: wxcharts.com

Déi frësch Modeller vun de Moie rechne muer um Mëttwoch mat Héchstwäerter vun tëscht 22 a 26 Grad, en Donneschde (Feierdag) soll de Peak mat 23 bis 27 Grad erreecht ginn. An Tëschenzäit ginn et och eenzel Modellrechnungen, déi besonnesch laanscht d’Musel eng 29 Grad net wëllen ausschléissen – mee dat bleift ofzewaarden an ze confirméieren. Wat d’Wäerter fir e Freide betrëfft, ass an de Modeller weiderhin ze deiten, dass se sech net méi esou ganz eens sinn: De Modeller ECMWF (europäsch) a GFS (amerikanesch) no si nach tëscht 22 a 25 Grad dran, den däitsche Modell ICON-EU berechent awer zumools fir de Raum Fréiseng a Schengen bis zu 28 Grad oder liicht driwwer. Alles vum Freiden u kann a soll ee mat guddem Gewësse nach a Fro stellen.

Definitiven Ëmschwong spéitstens e Sonnden

Am spéidere Verlaf vum Weekend gewënnt déiwe Loftdrock erëm u Relevanz: An dësem Fall wäert et en Déifdrockgebitt sinn, wat e Samschden an e Sonnden iwwert dem skandinavesche Raum läit a sech a Richtung Baltikum verlagert. Et suergt mat senger Kalfront dofir, dass kill Loftmassen aus dem Norden op déi summerlech Loftmassen iwwert dem westeuropäesche Kontinent treffen. Dëst hätt de Risk vu lokalen kräftege Schaueren an och Donnerwieder zur Konsequenz, mee dozou méi an engem aneren Artikel.


D’Situatioun vum spéide Samschdenowend un | Grafik: wxcharts.com, Edit: Météo Boulaide

Allefalls komme mat dëser Konstellatioun och gréisser Temperaturënnerscheeder zustanen, déi vun den ënnerschiddleche Modeller och nach zimmlech differenzéiert berechent ginn. Probéiert een awer op e gemeinsame Nenner ze kommen, da sollte mir e Samschde nach bei Héchstwäerter vun tëscht 20 a 24 Grad ukommen. Fir e Sonnde gesäit den europäesche Modell just nach 10 bis 14 Grad, iwwerdeems den amerikanesche Modell mat 16 bis 20 Grad nach eng liicht méi waarm Léisung dran huet. Den däitsche Modell ICON deit eppes dotëscht un a wier mat 12 bis 15 Grad dobäi.

Genéisst also elo nach e puer Deeg dat fréisummerlecht Wieder, well et definitiv net esou wäert bleiwen.