Den Temperatur-Update: Wéi gesäit et aus mat de 26 Grad fir déi nächst Deeg?

Eis Temperature beweege sech an engem iwwerduerchschnëttlech héijem Beräich fir d’Joreszäit. An engem aneren Artikel hate mir jo gesinn, dass e Méinden fläit erëm 26 Grad kéinten erreecht ginn, wat en Oktober-Rekord wier. Hei ass den aktuelle Stand dozou.

Advertisement

D’Grousswiederlag

De September ass bis ewell schonn zimmlech iwwerduerchschnëttlech waarm ausgefall, an den Trend schéngt virun ze goen. E Samsden erliewe mir e kuerze Knéck no ënnen mat den Temperaturen, well sech en Héichdrockgebitt quasi genee iwwert eis leeë wäert. Duerno verlagert sech dat Héichdrockgebitt awer a Richtung Südosteuropa, wouduerch vu Westen hier d’Déifdrockaktivitéit iwwert dem Nordatlantik e Wuert matzeschwätze kritt.


De Verlaf vun de Loftmasse bis de Méinden | Animatioun: wxcharts.com

Ënnert engem Héichdrockgebitt stréimen d’Loftmassen mat der Auer, ënnert engem Déifdrockgebitt géint d’Auer. Mir hunn also déiwe Loftdrock iwwert dem Atlantik an héije Loftdrock iwwert de südlechen a südëstlechen Deeler vun Europa, wat an enger zimmlech waarmer südwestlecher Stréimung resultéiert. Déi Loftmassen, déi dann a Richtung Lëtzebuerg gedroe ginn, komme riicht aus dem Nordweste vun Afrika – just, dass se um Wee fir erop natierlech un Intensitéit verléieren.

De Verlaf

Méi waarm gëtt et awer doduerch trotzdeem, et geet um iwwerduerchschnëttlech waarme Niveau virun. Muer um Donneschden sinn tëscht 18 an 23 Grad ze erwaarden, e Freide sinn et 21 bis 25 Grad. E Samsde kréie mir et, wéi gesot, mat engem klenge Knéck no ënnen ze dinn bei 17 bis 20 Grad. E Sonnde wier et dann mat 20 bis 23 Grad erëm en Tick méi waarm.

Interessant gëtt et jo dann Ufanks der nächster Woch, wou mir am leschten Artikel potenziell rekordverdächteg Temperaturen an de Modellkaarte gesinn haten. Aus aktueller Siicht gesinn wäerten dem europäesche Modell no tëscht 22 an 23 Grad an der Nordhallschent optrieden, iwwerdeems laanscht den äusserste Süde vum Land 25 Grad dra wieren. Den amerikanesche Modell ass méi waarm ënnerwee a gesäit bis zu 24 Grad an der Nordhallschent a 26 Grad laanscht den äusserste Süden.


D’Maximaltemperature fir de Méinde laut GFS-Modell | Grafik: wxcharts.com

Déi bis ewell héchst Temperatur, déi jeemools an engem Oktober gemooss gouf, waren genee 26 Grad – deemools den 2.10.2011. Zumools laut dem amerikanesche Modell wieren de Méinden, 2. Oktober 2023, 26 Grad ëmmer nach méiglech. E neien absoluten Oktober-Rekord ass also ëmmer nach net vum Dësch, mee et gëtt eng zimmlech knapp Ugeleeënheet.