Dënschden: Randdéif bréngt Reegebitt, deels kräfteg Segmenter méiglech

An der Nuecht zitt e Randdéif an de Südweste vu Frankräich eran, wat eis muer ronderëmt d’Mëttesstonn wäert erreechen. Nieft engem opfrëschende Wand bréngt et eis Reen, deen deels méi kräfteg kann ausfalen.

Advertisement

Et reent mol erëm e bëssen zu Lëtzebuerg

Dëse Mount huet et bis ewell ënnerduerchschnëttlech vill gereent/geschneit: Un eiser Wiederstatioun zu Baschelt waren et bis elo just 16 l/m², wat och gutt mat den Donnéeë vum Wiederradar iwwerteneepasst. Dësem no läit déi méintlech Reenzomm grad emol tëscht 8 an 18 l/m², normalerweis kommen an engem ganze Februar 59,5 l/m² erof. D’Déifdrockaktivitéit, déi eis vun haut un erwaart mee muer nach en Tick méi opfälleg gëtt, wäert dësen Defizit zwar net ausgläichen, an awer gëtt et Zäit, dass mol erëm eppes fällt.


D’Reegebitt, berechent vum héichopgeléisten AROME-Modell | Animatioun: wxcharts.com

D’Randdéif erreecht eis muer entweder am spéidere Virmëtten oder am fréie Nomëtten. De Kär vum Déif wäert eis an de Stonnen drop entweder genee oder knapp südëstlech passéieren – zumools an der Géigend vum Kär sinn och méi kräfteg Segmenter méiglech. Bis op just e puer Modeller ass de Gros vun de Berechnunge net op eng warnrelevant Situatioun agestëmmt, an awer kënnen d’Zomme bis Mëtternuecht nennenswäert ausfalen. Wa mir vum Duerchschnëtt aus 13 Modellrechnungen ausginn, da sinn Zomme vun tëscht 7,23 a 19,31 l/m² am warscheinlechsten. Déi héchst Berechnungen aus dëse Modeller belafe sech op tëscht 16 a 34 l/m², mee dës Span wäert éischter d’Ausnam sinn. Ab 30 l/m²/24h wier et, laut eisem SkyWatch-Warnsystem, warnrelevant.

Nodeems et e Mëttwoch kuerz méi roeug gëtt, steet eis fir en Donneschden de nächste Reen um Programm. Deels kënnen do och Flacke mat dobäi sinn, mee méi dozou an engem aneren Artikel.