Dënschdenowend: Donnerwieder aus Frankräich kënnen op Lëtzebuerg iwwergräifen

Iwwer Frankräich an och der Belsch spillt sech muer eng Donnerwiederlag of. E puer Modellrechnunge no kënnen dës Donnerwiederzellen am Laf vum Owend och zu Lëtzebuerg ukommen.

Advertisement

Frankräich an och d’Belsch am Fokus

Muer um Dënschde gëtt et zwar mat bis zu 32 Grad héichsummerlech waarm, mee gläichzäiteg maache sech awer och immens schmeier Loftmassen iwwer Nordfrankräich a BeNeLux breet. An dëser fiichtwaarmer Loftmass läit eng Konvergenzzon, déi sech vum spéideren Dënschdenomëtten iwwer Nordfrankräich/Grenz zu der Belsch befënnt a bis an déi zweet Nuetshallschent eran eriwwer an den äusserste Weste vun Däitschland wandert. Kombinéiert mat enger ausgepräägter Wandscherung a CAPE-Wäerter vu bis ëm 2000 J/kg sinn un dëser Front besonnesch am Ufanksstadium och méi zolitt Phänomeener méiglech, dozou zielen: Knëppelsteng bis 3 oder 4 cm am Duerchmiesser, schwéier Stuermstéiss an zolitte Staarkreen. Och Superzelle si méiglech.


Den aktuelle Stand vun de Modeller an enger Grafiker zesummegefaasst | Grafik: Météo Boulaide

MEE WICHTEG: Dës Zutaten iwwerlappe sech am beschten iwwert dem nërdleche Frankräich an och der zentraler Belsch. Duerno wandert d’Konvergenzzon weider a Richtung Lëtzebuerg – an duerch d’Auerzäit (laut meeschte Modeller no 22 Auer) an domat och déi noloossend Sonnenastraalung fällt och déi potenziell zur Verfüügung stoend Energie. Och d’Wandscherung hëlt a Richtung Osten e bëssen of, wat zousätzlech dofir schwätzt, dass d’Entwécklungen am Laf vun der Zäit manner potent a manner staark wäerte sinn – wéi wäit se sech wäerten ofschwächen léisst sech elo awer schwéier soen. Wann eppes “iwwerlieft” kënnen ëmmer nach PUNKTUELLE Staarkreen esouwéi och mol stiermesch Wandstéiss mat dobäi sinn. D’Détailer dozou fanne mir muer am Laf vum Dag eraus – halt Iech per sozial Netzwierker oder och an eisem SkyWatch um Lafenden.

Dës Donnerwiederlag ass net mat där vum 29. Juni ze vergläichen.