Dës Woch: Holprëge Start, duerno rem besser

Déi 40st Woch vun dësem Joer ass ugebrach. Dës wärt sech virun allem am Ufank e bësse méi onbestännëg gestalten.

Schéinheetsfehler an der éichter Wochenhalschend

Mir starte mat méi onbestännëgem Wieder an déi nei Woch. Um Méinden ass et virun allem an der éichter Dageshalschend staark bedeckt, dobäi kann et ëmmer rem naass ginn. Fréiere sollt et net, um Moie leien d’Temperature bei 6 bis 10 Grad. Am Laaf vum Mëtten a Nomëtte bleiwen zwar nach eng ganz Partie Wollécken um Himmel, et sollt awer net méi grad sou naass ginn. Et gëtt a Richtung Owend ëmmer méi drëchen, d’Temperature klammen op e Maximum vu just 9 bis 14 Grad. Sech méi déck unzedoen ass also ganz ubruecht.

Och um Dënschde begleeden eis vill Wollécken duerch den Dag. Um Moien ass et awer nach frëndlech bei engem liicht wolléckegem Himmel, d’Temperature leien tësche 4 a 7 Grad. Ab dem Virmëtte gëtt et ëmmer méi wolléckeg, ier et spéitstens ab dem Nomëtten op ville Plaatze reene kann. 9 bis just 12 Grad sinn ze erwaarden, daat bei engem liicht spierbare Südwestwand. An der éichter Nuetshalschend kann et nach Schauere ginn, ier et vir eng kuerz Zäitche méi drëche gëtt.

Um Mëttwoch erwaart eis en Iwwergangsdag. Bis an de fréie Mëtten eran kann et nach reenen, ier et ëmmer besser gëtt. Mat Chance kënnt sech am spéidere Nomëtten d’Sonn scho rem weisen.

An den Deeg drop gëtt et rem liicht méi waarem zu Lëtzebuerg an de Risk vu Schaueren hëllt och rem of. Kënnt et wéi déi aktuell Modeller et simuléieren, da wier ab dem Donnëschde rem mat däitlech méi Sonn ze rechnen.