Dës Woch: Kaum Reen, vill ze waarem

Nodeems et de Weekend, haaptsächlech um Samsden, zäitweis nachengkéier mat ëm déi 25 Grad spéitsummerlech war, huet sech um Sonndën e klenge Schéinheetsfehler ageschlach. Dëse gëtt an der neier Woch rem guttgemaach, et geet nämlech mat iwwerduerchschnëttlech héigen Temperature virun.

Iwwerduerchschnëttlech waarem Woch

De Weekend war zweegedeelt: Um Samsde war et schéi spéitsummerlech, um Sonndën oft gro bei Fisemreen an Temperaturen op hierschtlëchem Niveau. D’Wieder decidéiert sech an dëser Woch awer rem ëm – et bleift wuel ze waarem vir d’Joereszäit.

Um Méinde sinn am Ufank mol nach Niwwelfelder ënnerwee, déi sech am Laaf vum Virmëtte lues a lues opléise sollten. D’Temperature leie bei 3 bis 9 Grad an ereechen am Virmëtten 11 bis 14 Grad. Mëttes an am Nomëtten ass mat 18 bis 21 Grad ze rechnen, d’Sonn ass um dominéieren. Daat selwecht Spill hu mir um Dënschde, wou d’Sonn déi meecht Zäit um schéngen ass. Ët gëtt souguer mat 20 bis 24 Grad nach méi waarem, reene sollt et dobäi net. De Mëttwoch ännert sech net vill un der Situatioun. Mir leien ëmmer nach ënnert Héichdrockafloss, soudass kaum Wollécken do sinn a kee Reen ze erwaarden ass. Mat 20 bis 25 Grad kënne virun allem am Süden a laanscht den Oste vum Land spéitsummerlech Werter ereecht ginn.

GFS 850 hPa Temperaturanomalie

Klenge Schauerrisk an de Nuechten

Et ass a nächster Zäit generell net mat vill Reen ze rechnen. Et ginn awer zwee Zäitpunkten, un deene Reen laut den aktuelle Modellrechnungen am wahrscheinlechsten ass. Dëst ass zum engen an der Nuecht op den Donnëschden an zum aneren an der Nuecht op de Freide, wou souguer Blëtzentluedunge méigleg wieren. Wéi genau dëst ofleeft, kann een opgrond vun der zäitlecher Distanz nach net soen. Um Donnëschden an um Freide wärte sech d’Temperaturen dagsiwwer mat enger grousser Wahrscheinlechkeet iwwert der 20 Grad-Grenz beweegen, je no Entwécklung souguer am spéitsummerlëche Beräich.