Dëst Joer ouni Schnéi: De Verlaf fir d’Wieder un Hellegowend & Chrëschtdag

D'Fro mat de wäisse Chrëschtdeeg war fir dëst Joer eng immens spannend, well et kuerzzäiteg guer net mol esou schlecht ausgesinn huet. D'Konstellatioun vun den Drockgebitter passt elo awer definitiv net méi.

Advertisement

Advertisement

Chance fir déi eng, Pech fir déi aner

D’Hoffnung stierft ëmmer zum Schluss – mee elo mussen d’Wanterfrënn staark sinn. Elo, wou Hellegowend a Chrëschtdag am verlässleche Prognose-Beräich leie, kann ee soen, dass et wuel näischt mat Schnéi gëtt. Mee firwat gouf an de leschte Wochen ëmmer erëm esou vill driwwer diskutéiert? Gutt Fro, mee dat hänkt domat zesummen, dass d’Chancen kuerzzäiteg wierklech guer net mol esou schlecht stungen. Den eenzege Grond, firwat et dës Kéier net klappt, ass eng ongënschteg Positionéierung a Verlagerung vun den Déifdrockgebitter.

Folgendes gouf den 11. Dezember fir den 21. Dezember berechent:


D’Berechnung fir den 21. Dezember, Stand 11. Dezember. An Tëschenzäit ass offensichtlech, dass sech eng däitlech méi mëll Variant duerchgesat huet | Grafik: wxcharts, Edit: Météo Boulaide

Wéi an de leschte Schnéi-Updates betount, hätte mir et mat vill “Chance” trotzdem zu wanterlechem Wieder u Chrëschtdag bruecht, obwuel mir ënnert enger éischter onwanterlecher Westwiederlag leien. Wann d’Déifdrockgebitter en Tick méi wäit südlech géifen zéien, da kéinte sech op hirer Récksäit op d’mannst kuerzzäiteg wanterlech Loftmassen op Lëtzebuerg beweegen, déi dann ebe fir Flacke gesuergt hätten – besonnesch op de Koppen am Land. E nohaltege Wanterabroch stung souwisou ni zur Optioun, mee eben dës kuerzfristeg Entwécklungen.

De Stand elo a wéi sech d’Deeg entwécklen

De Stand elo ass deen, dass sech muer un Hellegowend an iwwermuer u Chrëschtdag e gréissert Héichdrockgebitt iwwert de Mëttelmierraum leet, wat seng Ärm deels esouguer an de Nordoste vu Frankräich erstreckt. Duerch dës Beweegung ass et fir méi kill Loftmassen onméiglech, iwwerhaapt esou wäit aus dem Norden op Lëtzebuerg erofgefloss ze kommen. D’Temperature falen also zimmlech mëll aus.


De Verlaf vum Wieder iwwert d’Chrëschtdeeg | Animatioun: wxcharts.com

Vum Nidderschlag hier ass muer un Hellegowend mat ville Wolleken ze rechnen, och de Reen spillt nach eng Roll. D’Temperaturen erreechen e Maximum vun tëscht 6 an 8 Grad an änneren an der Nuecht och net wierklech. Fir Chrëschtdag selwer rechnen d’Modeller domat, dass et am Laf vum Dag a klenge Schrëtt manner naass soll ginn, well eben d’Héichdrockgebitt iwwert dem Mëttelmierraum e klengt Wiertche matzeschwätze kritt. D’Temperature packen et op e Maximum vun tëscht 7 a 9 Grad, laanscht d’Musel sinn esouguer 10 Grad net ausgeschloss. Um fréien Dënschdemoie sollen d’Wäerter ëmmer nach bei mëlle 6 bis 8 Grad leien.