Haut um Samsdenowend steet eis eng immens interessant Situatioun an d’Haus. D’Groussregioun an ingesamt de ganze BeNeLux-Beräich, de Norde vu Frankräich an de Weste vun Däitschland leien an enger Risikozon fir deels méi zolitt Entwécklungen.
Oflaf
Am Samsdenomëtte läit e frëscht Donnerwiederdéif iwwert dem Südweste vu Frankräich an zitt eng Konvergenzzon mat sech mat. Dëse Beräich verlagert sech am Laf vum Dag, wéi schonn gesot, ëmmer méi wäit a Richtung Norden. Op sengem Wee a Richtung Norde forméiere sech an den energieräichen a schmeiere Loftmassen ëmmer méi Schaueren an Donnerwieder, déi dann, laut de Modellrechnungen, am Laf vum spéidere Nomëtten zu engem gréisseren Donnerwiedersystem zesummewuesse sollen an um spéideren Owend/Nuecht an der BeNeLux-Géigend ukomme kënnen. Déi éischt Entwécklunge sollte sech am fréie Nomëtten iwwert dem Südweste vu Frankräich weisen.
Een Ënnerscheed, deen haut ze erkennen ass, ass deen, dass de System mat sengem Schwéierpunkt éischter westlech vu Lëtzebuerg berechent gëtt. En anere Faktor deen dobäi kënnt, ass d’Zäit. Modeller wéi de GFS rechne beispillsweis, dass de System net eréischt géint Mëtternuecht ukomme soll, mee schonn an engem Zäitraum vun tëscht 20 an 23 Auer. Och wann also eng Warscheinlechkeet besteet, dass dat markantst vun den Entwécklungen mat Chance knapp westlech u Lëtzebuerg laanschtgoe kéint, ass et nëmme richteg, d’Land opgrond vun den Onsécherheeten an dem Toleranzberäich ëmmer nach dem ERH am Convective Outlook zouzeuerdnen.
Wat ass méiglech?
Fir N Frankräich, W Däitschland, d’Belsch a Lëtzebuerg am allgemenge gëlt: Am Beräich vun dësem Donnerwiedersystem besteet d’Gefor vun zolitte Wandstéiss. Stuermstéiss vun tëscht 75 a 90 km/h wärte besonnesch bei de méi bou-aartege Segmenter warscheinlech sinn, ënner Ëmstänn wieren awer och orkanaartëg Wandstéiss vu bis ëm 105 km/h net ausgeschloss. Mat dobäi kënnt de Risk vu gréissere Knëppelsteng mat Kärgréisste vun tëscht 2 a 4 cm am Duerchmiesser, wat op déi héich Energie a gutt ausgepräägt Wandscherung zréckzeféieren ass. Och d’Warscheinlechkeet vun zolittem Staarkreen mat gréisseren Zommen a kuerzer Zäit (30 l/m²/h) si méiglech, wat also och Iwwerschwemmunge net ausschléisst.
A wéifern genee dëse System en Afloss op Lëtzebuerg wäert hunn, muss ofgewaart ginn. Lëtzebuerg ass am verglach zu den anere Länner meteorologesch gesi nämlech nëmmen e klenge Fleck.