D’Fro vun der Woch: Wäiss Chrëschtdeeg oder net?

Wéi ëmmer ëm dës Zäit gëtt eng Fro besonnesch oft gestallt: kréie mir wäiss Chrëschtdeeg? Wéi et fir dëst Joer ausgesäit, fannt Dir hei eraus.

E Krimi mat vill Spannung geet op en Enn

Dëser Fro op de Gronn ze goen war dëst Joer besonnesch interessant, zemools well d’Chancen am Ufank esou gutt wéi zanter Jore net méi waren. Zustaane komm wier dës grouss Chance duerch eng Loftmassegrenz, déi op enger Sträif BeNeLux & Mëtt vun Däitschland geleeën hätt. Südlech vun dëser Loftmassegrenz hätte mir mëll Loftmasse gehat, iwwerdeems aus Norde kill Loftmassen entgéintgedréckt hätten. Un dëse Loftmassegrenzen forméiere sech ëmmer erëm Nidderschléi, déi bei dëser Wiederlag fir Schnéi an eise Géigende gesuergt hätten, pénktlech fir d’Chrëschtdeeg. D’Fro déi sech gestallt huet war déi, wéi genee dës Loftmassegrenz verlafe géif, wat fir grouss Spannung gesuergt huet. Dëser Spannung gouf elo awer de Wand aus de Seegele geholl, well se ganz warscheinlech ze wäit nërdlech vun eis leie wäert, nämlech iwwert dem Norden/Nordoste vun Däitschland.


En Déif bei de britteschen Inselen ass dëst Joer de grousse Spillverdierwer | Grafik: wxcharts.com Edit: Météo Boulaide

D’Grousswiederlag géif u sech passen: iwwert dem nërdlechen Atlantik ass Héichdrock ze fannen, iwwerdeems iwwer Skandinavien déiwe Loftdrock läit. Dëst Stréimungsmuster féiert dozou, dass méi kill Loftmassen op Lëtzebuerg erofgefloss kommen. De grousse Spillverdierwer bei der Saach ass en Déifdrockgebitt, wat sech ronderëm Chrëschtdag am Raum vun de britteschen Inselen installéiere wäert. D’Loftmasse vun dësem Déif stréimen géint déi kill Loftmassen, déi eis eigentlech géifen aus dem héije Norden zougespillt ginn. Esou gëtt d’Zon, an där de Schnéi fale kann, leider e gutt Stéck an de Norde verdrängt. D’Chancen op wäiss Chrëschtdeeg zu Lëtzebuerg hu sech also zanter der leschter Woch, wou et guer net mol sou schlecht ausgesinn huet, drastesch verschlechtert. D’Kaarten hunn esouguer besser ausgesinn wéi an de leschte Joren, mee elo bleift eis näischt anescht iwwereg, wéi op d’nächst Joer ze waarden an ze hoffen.

De neiste Modellrechnunge no gëtt de momentanen Héichdrock um Donneschde verdrängt, fir dass déiwe Loftdrock d’Wieder bestëmme kann. Wat Hellegowend a Chrëschtdag selwer ugeet, stinn dem aktuelle Stand no Niwwel, vill Wolleken, liichte Nidderschlag an Temperature vun tëscht 6 an 10 Grad am Dag um Programm. Och an de Nuechte soll et net ënner 0 Grad ofkillen.

Och wann eis kill Loftmassen dës Kéier e Kuerf kréien, ginn se awer net op. Den amerikanesche Modell GFS an och den europäeschen ECMWF deiten en eventuellen Abroch vu polare Loftmassen un, deen Enn Dezember resp. Ufanks Januar 2022 stattfanne kéint. Fir Detailer ass et awer nach ze fréi.