D’Koméite-Wieder: Wéini gesäit een de Neowise am beschten? A wéi?

De Koméit C/2020 F3 (NEOWISE) ass e gréissert Thema, wat och verständlech ass. Et ass den hellste mam bloussen Aen siichtbare Koméit zanter 23 Joer. Titelbild: Carolin Liefke

Leschten Update: 20. Juli 2020 – 05:28 Auer

E net alldeeglecht Événement

Den C/2020 F3, dee no sengem Entdecker-Weltraumteleskop “WISE” am Kader vum NEOWISE-Projet benannt ginn ass, suergt zanter Enn Juni/Ufank Juli fir erstaunt Gesiichter. E gouf de 27. Mäerz 2020 entdeckt an ass elo, nodeems en un der Sonn laanschtgeflunn ass, um Nuechthimmel ze gesinn.

De Neowise den 12. Juli 2020 géint 00:15h vu Bauschelt aus a Richtung Nord-Nordwesten fotograféiert.

E Koméit, och nach “dreckege Schnéiball” genannt, ass e sougenannte “Schwäifstär”, deen 1 bis 100 Kilometer am Duerchmiesser grouss ka sinn. Se bestinn aus Gestengs, Waasser a Stëbs. Wann en der Sonn ze no kënnt, da léise sech dës Partikle vum Koméit – e gëtt, vereinfacht gesot, vun der Sonn entdeet – de Koméiteschwäif entsteet. De Koméit NEOWISE ass grouss genuch, dass en de noe Passage un der Sonn laanscht iwwerlieft. Bei anere méi klengen Objeten bleift meeschtens näischt méi iwwerëg.

Wéi laang een de NEOWISE nach vun der Äerd aus gesäit, wees keen esou richteg. Et geet een awer dovun aus, dass dat nach bis Enn Juli/ufanks August wäert de Fall sinn, ier e lues a lues verschwënnt. Déi nächst Kéier, wou en der Äerd esou no kënnt, wäert an ongeféier 6.953 Joer sinn. Een, deen de NEOWISE also verpasst, gesäit en a séngem Liewe net méi.

Wéi gesäit een de Neowise?

De Neowise huet een am Ufank vum Mount nëmmen zu bestëmmten Zäite gesinn, am beschten awer an de fréie Moiesstonne sou tëscht 3 a 4:30 Auer. Mëttlerweil steet de Koméit awer méi héich um Himmel, wat dozou féiert, dass en, soubal et däischter genuch ass, siichtbar gëtt. Op dëser Grafik fannt Dir de kalendaresche Verlaf vun der Héicht an och der Richtung vum NEOWISE.

Grafik: Vereinigung der Sternfreunde e.V.

Fir d’Observatiounschancen ze optiméiere, sollt ee sech, soubal et däischter ass, op eng Plaz mat sou mann Liichtverschmotzung wéi méiglech stellen (fort vun Dierfer a soss Liichtquellen). Et sollt een eng fräi Siicht a Richtung Norden a Nordwesten hunn, well dat déi Richtunge sinn, an deene sech de Koméit befënnt. Per Laangzäitbeliichtung mat der Kamera fënnt een de Koméit zimmlech séier – dëst kann och zur Orientéierung dénge, fir e mam bloussen Aen ze gesinn. E mam bloussen Aen ze gesi kann ufanks e bësse schwéier sinn, well sech d’Aen firdéischt un d’Däischtert gewinne muss. Wann een de NEOWISE awer mol bis entdeckt huet, verléiert een e sou séier net méi aus dem Bléck.

D’Wiederkonditiounen an de Nuechten

Am meeschten hänkt et nach vum Wieder of, ob een de Koméit gesäit oder net. Wéi gesäit et fir déi nächst Nuechten aus?

An der Nuecht op den Dënschde sinn den aktuelle Modellrechnunge no (Stand: 20.07.2020 – 05:22 Auer) nëmmen e puer vereenzelt Wolleken ënnerwee. Et sollt een also gréisstendeels ouni Stéierungen a Richtung NEOWISE kënne kucken. D’Temperature ginn op 14 bis 9 Grad zréck. Och an der Nuecht op de Mëttwoch hënnere net all ze vill Wolleke, warscheinlech souguer iwwerhaapt keng. D’Temperature falen op 13 bis 9 Grad. An der Nuecht op den Donneschden ass et am Ufank nach wollekeg, ier et an der zweeter Nuetshallschent ëmmer manner bedeckt gëtt. Bis kuerz ier d’Sonn opgeet ass de NEOWISE nach ze gesinn, ier et awer erëm ze hell dofir gëtt.

An der Nuecht op de Freide solle mir et mat méi kompakte Wolleken ze di kréien, wouduerch eng Siichtung vum Koméit bal onméiglech ass. D’Temperature leien tëscht 12 a 15 Grad. Och an der Nuecht op de Samsde wéi op de Sonnde soll den Himmel bedeckt sinn. D’Chance stinn also a Richtung Weekend, wann dës Modellrechnungen esou bleiwen, net all ze gutt.