Déi ugekënnegt Héichdrockphas ass do, mee se wäert net bleiwen. Genéisst se! Doriwwer eraus schéngt sech dem momentane Stand no fir Mëtt Mäerz déi méi mëll Variant erauszekristalliséieren.
Advertisement
Lëtzebuerg gëtt fir säi waarde belount, dat mat engem Héichdrockgebitt! Fir laang ass et awer net, well schonn vum Freidenowend un gëtt et erëm méi schwaach. Dës Kéier hu mir och en Update fir d’Temperaturen, déi eis Mëtt Mäerz kéinten erwaarden – mir behandelen dat Thema jo schonn e bësse méi laang an eiser Météo um 7.