“D’Météo um 7” – Météo Boulaide huet e neie Video-Format!

An eisem neie Büro hu mir eis och en eegene Studio ageriicht. Mat dësem kënne mir d’Wieder nach besser visuell duerstellen – an doduerch och esou simpel wéi méiglech erkläeren. Gëschter koum den éischten Test-Episod online.

Advertisement

Neierunge bei Météo Boulaide

Zanter dem éischte Februar huet ClearSky Solutions, d’Firma hannert där Météo Boulaide stécht, hire Sëtz am 1535° Creative Hub. Am neie Büro hu mir eis neierdéngs och en eegene Studio ageriicht, mat dem sech op professionell Aart a Weis Wieder-Emissiounen ophuele loossen. Mir maachen dat awer net einfach esou dréchen a schwätze just vun engem Teleprompter of, mee mir huelen den Zuschauer esou richteg mat an déi spannend Welt vum Wieder. An der éischter Test-Emissioun, déi gëschter um 19 Auer online gaangen ass, hu mir et nach esou kuerz wéi méiglech gehalen – einfach simpel d’Wieder.

Séier koum gëschter Owend Feedback eran, wat eis gefreet huet. An Zukunft begrenze mir eis natierlech net nëmmen op déi Standard-Wiedersendungen, mee mir geheie reegelméisseg e Bléck méi wäit an d’Zukunft. De gréissten Ënnerscheed zu den traditionelle Medien wäert sinn, dass mir am Fall vu spannenden oder och geféierleche Wiederlagen vill méi wäit kënnen an den Détail goen. Esou si mir am Joer 2024 besser op d’Onwiedersaison virbereet wéi jeemools virdrun.

D’Sendung stécht nach an de Kannerschung, dohier ass Äre Feedback natgierlech Wëllkomm! Mir sichen och nach weiderhi no héichopléisende Fotoen (Motiv: Landschaft mam Wieder), déi mir am Ufank vun der Sendung um Greenscreen kënnen uweise loossen. Dës kënnt Dir eis ënner hello@clearsky.lu eraschécken.

Vun e Méinden u probéiere mir esou gutt et geet all Dag eng Sendung dovun ze bréngen, ausser Weekends. Et lount sech also, eise YouTube-Channel ze abonnéieren.