D’Météo um 7: Mir kréie Besuch aus der Sahara, “Bluttreen” méiglech

Mam Déifdrockgebitt, wat eis de Weekend e Changement bréngt, gëtt och Saharastëbs aus Afrika an eis Géigende geblosen.

Advertisement

De Weekend iwwer läit en Déifdrockgebitt iwwert dem westleche Frankräich, wat eis engersäits ganz kuerz méi waarm Loftmasse ka bréngen an anerersäits sinn och liicht Nidderschléi net ausgeschloss. D’Stréimung ass dobäi och gënschteg genuch, dass och e bëssen eppes u Saharastëbs kann ugezaapt an an eis Géigende bruecht ginn. Sollt et dann och gläichzäiteg zu e bësse Reen kommen, da ka sech dësen als “Bluttreen” bemierkbar maachen. Wat dat ass, gitt Dir am Video gewuer.