D’Météo um 7: Modeller rechne weiderhin éischt Dimmere vun der Saison fir e Freiden

Den Donneschde gëtt de wäermsten Dag vum bisherege Joer an e Freide rechnen d’Modeller ëmmer nach mam Risk vun den éischte Wiedere vun der Saison. Ganzen Update an der Météo um 7.

Advertisement

Den Dauerreen aus der vergaangener Nuecht hu mir hannert eis bruecht. De Rescht vum Mëttwoch war et zwar gro, gereent huet et awer net méi. Den Donneschde gëtt et änlech, mee da kënnt de Freiden a bréngt méi instabil Loftmasse mat sech. Dimmere si méiglech.