D’Météo um 7: Vu vereenzelte Schnéiflacke bis hin zu schwéiere Stuermstéiss

An eisem neie Videoformat “Météo um 7” geheie mir e Bléck op déi spannend Wiederlag fir déi nächst Deeg. Besonnesch den Donneschde gëllt et am Aen ze halen.

Advertisement

En décke Merci fir Äre Feedback fir eis “Episod Null”, déi mir d’lescht Woch als éischte groussen Test bruecht haten! An dësem Video hu mir villes verbessert, just mam Toun ass eis nach e Feeler beim Veraarbéchten ënnerlaf.

Wat d’Wieder betrëfft steet eis eng immens spannend zweet Wochenhallschent un. Wa Dir d’Artikelen vun haut nach net gesinn hutt, da kënnt Dir och einfach dëse Video kucken. Vill Spaass! 😉