D’Modeller iwwerraschen: Hëtzt-Opbau iwwer Südwesteuropa kéint eis de Spéitsummer bréngen

Wéi en Dënschde schonn beschwat, gëtt et méi waarm bei eis. De rezente Wiedermodellrechnunge no kéint awer däitlech méi dohannert stiechen.

Advertisement

Advertisement

D’Grousswiederlag

Nach eng Kéier e gemittleche Nomëtten um Stau verbréngen? An der oppener Schwemm? Oder e Grillowend mat Frënn a Famill? Alles dat kéint e méiglechen Zenario ginn, wann déi mëttelfristeg Modellrechnunge vun de Moment zur Realitéit ginn – a ganz esou onwarscheinlech ass dat guer net.


De Wiermt-Opbau iwwer Südwesteuropa a wéi en eis beaflosst | Animatioun: wxcharts.com

Am Laf vum Weekend drätscht sech héije Loftdrock, deen iwwert den Azoren läit, tëscht zwee Déifdrockgebitter duerch a packt et bis e Méinden sech iwwer gréisseren Deeler vum Norden an Oste vu Mëtteleuropa breetzemaachen. Zur selwechter Zäit läit déiwe Loftdrock viru Portugal, wat an enger spéitsummerlecher Wiermtpompel resultéiert. Dem europäesche Modell no géif et vum Mëttwoch un schonn erëm lues a lues manner waarm ginn, den amerikanesche Modell gesäit d’Hëtzt nach bis bal den iwwernächste Weekend (8. September) iwwert eis hänken.

De Verlaf

Mat dëse neien Erkenntnisser kucke mir einfach mol, wéi sech d’Temperature bis an déi nächst Woch era kéinten entwécklen. Dem momentane Stand no wiere mir de Weekend bei tëscht 23 a 27 Grad ënnerwee, laanscht d’Musel wieren och 28 Grad méiglech. E Méinde gesäit den europäesche Modell e Maximum vu 24 bis 27 Grad, iwwerdeems den amerikanesche Modell schonn mat tëscht 26 a punktuell 29 Grad ënnerwee ass (tendenziell ass de GFS ëmmer en Tick ze waarm). En Dënschde soll et mat 24 bis 28 Grad virugoen, e Mëttwoch nach eng Kéier d’selwecht. En Donneschde solle viraussichtlech 29 Grad dobäi sinn, ier et e Freiden op tëscht 24 a 27 Grad soll erofgoen. E Weekend géif dann zwar nach summerlech verlafen, mee net méi grad esou waarm.

De Fazit

Eng exakt Prognos vun den Temperaturen ass net méiglech, an awer gëtt et zimmlech sécher nach eng Kéier gutt waarm.