D’Nidderschléi iwwert de Weekend: Wéi vill kënnt erof?

An dësem Artikel kucke mir op déi berechent Nidderschlagsquantitéite bis de Sonnden inclus – ganz onofhängeg dovun, ob et als Schnéi oder Reen erofkënnt.

Et bleift naass a wanterlech kal

De Weekend bleift zäitweis naass a virun allem kill, déi wanterlech Loftmassen hunn eis ëmmer nach am Grëff. Besonnesch um Samsdenowend an an der Nuecht op de Sonnde solle gréisser Nidderschlagsquantitéiten zesummekommen.

Den amerikanesche Modell GFS rechent mat tëscht 4 a 9 l/m², déi vun elo bis de Sonndenowend spéit erofkomme sollen. Am naasste soll et am Norden an och am Südweste vum Land ginn. Den europäeschen ECMWF rechent mat 6 bis 11 l/m², dësen ass der Meenung dass et laanscht de gesamte Weste méi naass gëtt wéi soss iergendwou.

Den däitschen ICON ass mat tëscht 4 a 7 l/m² a gesäit de meeschte Reen fir de Westen an de Süden op eis duerkommen. Eng änlech Verdeelung gesäit de franséischen ARPEGE, deen mat tëscht 5 a 9 l/m² rechent.

Hëlt een d’Moyenne vun alle genannte Modeller, da sollen bis de Sonnden inclus tëscht 4,75 a 9 l/m² ueschter d’Land falen.