D’Nuecht op de Mëttwoch gëtt eng kill

Dëse Summer hate mir bis ewell eng ganz Partie där killer Nuechten, an deenen d’Temperaturen haaptsächlech an den Däller an d’Géigend vun de 5 Grad oder och mol drënner gefall sinn.

Weider kill Nuecht ze erwaarden

Um Dënschden haate mir et mat enger Partie Wolleken ze dinn, wou sech d’Sonn awer och dotëscht weise komm ass. Elo zum Zäitpunkt wou dësen Artikel geschriwwe gëtt (04.08.2020 – 17:11 Auer) leien d’Temperaturen uechtert Land tëscht 21 a 26 Grad, mee wäerten an der Nuecht e gutt Stéck zréckgoen – haaptsächlech a Richtung fréie Mëttwochmoien.

Et sinn haaptsächlech déi héichopléisend Modeller, déi an der kommender Nuecht d’Warscheinlechkeet vu richteg killen Temperature berechnen. Op de meeschte Plaze wäerten d’Minimalwäerter tëscht 8 an 13 Grad leien, mee haaptsächlech an den Däller am nërdlechen Deel vum Land kann et net ausgeschloss ginn, dass et punktuell op tëscht 6 an 3 Grad erofgeet. Mat tëscht 26 an 30 Grad erwaart eis muer um Mëttwoch awer am ganze Land e summerlechen a bal héichsummerlechen Dag.