D’Nuecht op e Sonnde gëtt kal bis fraschteg – Trend oder Ausräisser?

An der Héicht hunn eis méi kill Loftmassen erreecht, déi an der nächster Nuecht deels och fir Frascht wäerte suergen. Bleift dat deemnächst esou oder geet et geschwënn erëm biergop?

Advertisement

Graupelschauer duerch kill Loftmassen

Gëschter um Freide war et schonn de Fall, dass et duerch déi kill Loftmassen an der Héicht ënnert de kräftegste Schauerzellen zu Graupel komm ass (kleng Knëppelsteng). Besonnesch am Südoste vum Land waren Deeler vun der Landschaft kuerzzäiteg wäiss. Haut um Samschde sinn, op d’mannst theoretesch, nach eenzel Fäll vu Graupel méiglech – et hänkt awer och vun der Intensitéit vun de Nidderschléi of, déi sech haut meeschtens a Grenzen halen. Generell gëtt et a Richtung Owend ëmmer méi dréchen.


De Verlaf vun de Loftmasse bis e Méinden | Animatioun: wxcharts.com

Dat läit dorun, dass sech kuerzzäiteg héije Loftdrock iwwert eis leet. Genee duerch dësen killt et an der Nuecht op e Sonnden, also der nächster, gutt of: Buedem- a Loftfrascht ass méiglech. E glate Streckenofschnëtt wëll ech och net als komplett onméiglech ofstempelen. Schonn en Donneschden hate mir dëst am Bléck op de Weekend thematiséiert.

E séiere Schratt a Richtung Wanter?

Zwar ass mam Bléck a Richtung Mëtt Oktober nach kee nohaltegen Abroch vu kille Loftmassen ze gesinn, an awer ginn et e puer Versich. Een vun dëse gëtt aktuell beispillsweis fir ronderëmt de 9. Oktober berechent, wou eis vun der Nordséi hier kal a fiicht Loftmasse géife geliwwert ginn. An de Wanterméint wier dat eng gënschteg Wiederlag fir Schnéi, mee esou wäit si mir nach net.

D’Äntfert ass also séier ginn: Déi momentan méi kill Phas ass keng, déi mir wochelaang wäerte mat eis droen. An dëser Nuecht, also där op e Sonnden, läit en Héichdrockgebitt iwwert eis – de Kär dovu positionéiert sech ongeféier iwwert dem mëttlere bis südlechen Däitschland. Zesumme mat déiwem Loftdrock iwwer Skandinavien ginn domat wärend e puer Stonne fir d’Joreszäit ënnerduerchschnëttlech Loftmassen an eis Géigende gelenkt.

An der Nuecht esouwéi och um fréie Sonndemoie ginn d’Temperaturen op tëscht 0 an 3 Grad zréck, an den Däller gëtt et am keelsten. Punktuell kann och eppes drënner net ausgeschloss ginn. Buedemfrascht kréie mir also sécher, Loftfrascht steet zur Optioun – an den een oder anere glate Streckenofschnëtt ass och net ausgeschloss. D’Nuecht op e Méinden ass mat 2 bis 7 Grad schonn erëm méi mëll, an där op en Dënschde ginn erëm zweestelleg Wäerter erreecht. Wat d’Deeg betrëfft, komme mir deemnächst awer schwéier op iwwer 15 Grad eraus.