D’Ofkillung kënnt! Mee waat duerno?

Nach ass et richteg waarem zu Lëtzebuerg. An e puer Deeg trëfft awer mat enger grousser Wahrscheinlechkeet eng Ofkillung an, déi sech och gutt bemierkbar mëcht. Mee waat kënnt dono? Hei eng éicht Aschätzung.

GEFS Ensemble (meteociel.fr)

Wéi geet et virun?

Ier mir eis iwwert eng däitlech Ofkillung freeë kënnen, musse mir nach emol en Zoufloss vun extrem waarme Loftmassen iwwert eis ergoe lossen. Dësen trëfft pünktlech um Méinden an, soudass d’Temperature vun do un bis Mëtt der Woch rem kontinuéierlech klamme wärten. Um Méinde si Werter vu 36 Grad ze erwaarden, um Dënschde souguer 38 Grad. Ab dem Mëttwoch gëtt d’Saach scho méi wacklëg, daat bei nach Héchstwerter vun 33 Grad.

Um Ensemble ass dëse Verlaaf gutt ze erkennen – virun allem den Zäitpunkt vun der Ofkillung. Vir de Mëttwoch berechnen d’Modeller schon en Déifdrockafloss, daat méiglegerweis a Form vun enger Kaalfront. Och den Donnëschde wärt vun engem Frontesystem beaflosst ginn, méiglegerweis souguer duerch een méi markant. Dës Frontesystemer suergen dovir, dass déi extrem waarem Loftmasse no a no a Richtung Osten verdrängt ginn. Hannendrun fléisst däitlech méi kill a fiicht Loft eran, soudass an der Zäit drop net méi mat héichsummerlëche Werter ze rechnen ass. Zousätzlech wärt et dann och rem méi oft a méi verbreet zu Nidderschléi kommen. D’Drëchent wärt awer net komplett ausgeglach kënne ginn, well einfach ze wéineg Reen simuléiert gëtt.

Waat geschitt duerno?

Et ass also sëcher, dass eis Mëtt der Woch eng Ofkillung erwaarde wärt an och méi laang bei eis bleiwe wärt. D’Temperature wärte sech viraussiichtlech tëschent 18 a 26 Grad apendlen. Mee waat kënnt duerno? Kënnen tatsächlech keng nei Hëtztwellen optrieden?

Laut dem aktuelle GEFS Ensemble-Laaf (Stand: 05.08.2018 03:40 Auer), kéint et vum 15. August un rem lues a lues méi waarem ginn (orange Linn op der Grafik uewendriwwer). Sollt dëst sou antrieden, da wiere rem Temperaturen am 30er Beräich méigleg. Niewebäi géif awer ëmmer nach d’Optioun vun e puer Nidderschléi dobäikommen, déi zumindest d’Drëchent e bessen entschärfe géifen. No enger Hëtztwell gesäit dest aus momentaner Siicht net aus, mee éichter wéi normalt Summerwieder. Mee mol kucken: Et si nach 15 Deeg dohinner, do ka nach vill änneren. Météo Boulaide hält Iech awer wéi ëmmer um Laafenden.

Wahrscheinlechkeeten unhand vun Ensemblen erausfannen

En Ensemble besteht aus engem Haaptlaaf souwéi och engem Kontrolllaaf vun engem bestëmmte Modell (an dësem Fall GEFS). All déi aner Linnen déi ofgebild sinn, si sougënannt “Memberen”, also aner méigleg Léisungen. Vun deene Léisunge ginn et beim GEFS 21 verschiddener. Vir et liicht ze erkläre kann ee soen, dass all Member eng Meenung duerstellt. Ginn déi eenzel Linne (Memberen / Meenunge) wäit auserneen, ass d’Prognos vir deen Zäitraum als méi onsëcher oder och als ganz onsëcher anzestufen. Si se awer all no beienee, besteht eng grouss Averständnis. Soumadden ass d’Antreffe vun enger bestëmmter Wiederlag ganz wahrscheinlech.

Wéi geet et déi nächst 3 Deeg am Détail mam Wieder virun?

Méiglegen Temperaturverlaaf (850 hPa) bis den 20. August (GFS, wxcharts.eu)