
Eng éischt Kéier fir dëst Fréijoer gerode mir ënner instabil Loftmassen, déi eis muer um Samschden dat engt oder anert Donnerwieder aus Frankräich méi no kënne bréngen.
Advertisement
Déifdrockgebitt iwwer Westeuropa an der Haaptroll
An de leschten Deeg schwätze mir nawell vill iwwert d’Déifdrockgebitt, wat momentan ëmmer nach westlech bis nordwestlech vun der iberescher Hallefinsel, also Portugal a Spuenie läit. D’Grënn dofir sinn de Stuerm an den zolitte Reen, deen do ënnen optrëtt. Desweideren dréit dëst Déif och dozou bäi, dass eis Temperature momentan esou héich sinn. De leschte Grond, an em deen geet et, ass d’Warscheinlechkeet vun den éischten Donnerwieder vum Fréijoer 2025.

Muer um Samschde wäert dat relevant Déif iwwert dem Weste vu Frankräich leien an dréckt am Virfeld vu sengem Frontesystem fiichtwaarmen an instabil Loftmassen an eis Géigenden. Doduerch entsteet vum Raum Montpellier bis erop an de nërdlechen Deel vu Frankräich e Beräich, an deem vu muer de Mëtten un eng Partie Donnerwieder wäerten entstoen. Besonnesch iwwert dem nërdleche Frankräich ass d’Fläch, op där Dimmere méiglech sinn, däitlech méi grouss. Trotzdeem: D’Intensitéiten hale sech meeschtens a Grenzen, ausser do, wou déi potenziell zur Verfügung stoend Energie sech am beschte mat der Wandscherung (Changement vun der Wandrichtung- a Vitesse mat der Héicht) am beschten iwwerschneit. Dëst wäert viraussiichtlech am äussere Süde vu Frankräich de Fall sinn, dat an engem Raum knapp nërdlech a nordwestlech vu Béziers a Montpellier. E weidere Beräich fir deels méi staark Entwécklungen hu mir och nach vu Lyon aus a Richtung Paräis.
Wat zu Lëtzebuerg méiglech ass
Mir hu jo lo also gesinn, dass sech d’Haaptgeschéien iwwer Frankräich wäert ofspillen. An awer: Muer kann et bei eis schonn dagsiwwer zu eenzelne Nidderschléi kommen, déi awer meeschtens schwaach sinn. Déi generell Aktivitéit vu Schliet an der Groussregioun geet eréischt vum Nomëtten/spéidere Nomëtten un an d’Luucht: Héichopgeléist Modeller gesinn entweder eng Front mat Ënnerbriechungen u Schliet/eenzelnen Donnerwieder aus Frankräich erop op Lëtzebuerg gezu kommen, anere Berechnunge no kënnen se och direkt iwwert eisem Land entstoen.

Wéi och ëmmer: Am Fall vun engem Donnerwieder ass mat punktuellem Staarkreen ze rechnen an och Wandstéiss vun tëscht 40 a 60 km/h si méiglech. Stuermstéiss oder soss warnrelevant Phänomeener sollte net dobäi sinn a stelle, wann iwwerhaapt, eng absolut Ausnam duer. Mir halen dat Ganzt awer trotzdeem genee fir Iech am Aen, Hiweiser a Warnunge fannt Dir stänneg aktuell an eiser neister Versioun vum SkyWatch.