Donnerwieder-UPDATE: Kräfteg Zellen a Frankräich méiglech, a bei eis?

Mir geheien e weidere, frësche Bléck op d’Donnerwiederpotenzial, wat am Nomëtten iwwer Nordfrankräich an Deeler vu BeNeLux besteet.

Advertisement

D’Situatioun

Am Nomëtten drécke sech an der Héicht kill Loftmassen iwwer däitlech méi mëll Loftmassen, déi op Buedemhéicht virzefanne sinn. Doduerch baut sech iwwer Deeler vu Frankräich a BeNeLux eng geréng Instabilitéit inkl. enger Wandscherung op (Ännerung vu Wandvitesse- & Geschwindegkeet mat der Héicht), wat punktuell esouguer fir eenzel méi organiséiert Zelle ka suergen.


D’Verdeelung vun der Donnerwieder-Probabilitéit & der méiglecher Intensitéit | Grafik: Météo Boulaide

Dës méi organiséiert Zelle kënne virun allem iwwer Frankräich an och Deeler vun der Belsch entstoen, well hei d’Zutaten wéi ebe Wandscherung, potenziell Energie (CAPE) an och Taupunkt (buedemno Loftfiichtegkeet) am beschten iwwerlappen. Nieft de ville Schauere kënnen also eenzel Zellen dobäi sinn, déi sech zu Donnerwieder virunentwécklen. Eenzelner dovu kënnen dann Stuermstéiss bis 80 km/h virweisen, esouwéi awer och kleng Knëppelsteng vun tëscht 1 an 2 cm Gréisst. Wa se virkommen, dann wann d’Donnerwieder superzelluläre Charakter opweist, wat duerch déi uewe genannt Zutaten ebe méiglech ass. De Staarkreen ass an der Haaptroll.

A wéi ass et mat Lëtzebuerg?

Bei eis wäerten am Laf vum Nomëtten och Schaueren opkommen, déi punktuell méi kräfteg kënnen ausfalen. Och en eenzelt Donnerwieder ka mat agelagert sinn, wat vun de Wandspëtzten hier meeschtens bis ëm 70 km/h soll erreechen. De Risk vu Knëppelsteng ass méi niddereg, a falls der optrieden wiere mir bei ronderëm 0,5 cm am Duerchmiesser ënnerwee. De Staarkreen stécht eraus, d’Gefor vun Aquaplaning ass also däitlech erhéicht. Eng Onwiederlag wéi am Summer ass dëst awer net.

An der Météo um 7 vu gëschter a virgëschter ware mir schonn méi genee op d’Thema agaangen, en Dënschde koum den éischten Hiweis a Form vun engem Artikel.