Donnerwieder: Wéi geet et an de nächste Stonne virun? Nei Virwarnung aktiv

D’Donnerwieder, déi mat der Konvergenzlinn op Lëtzebuerg komm sinn, sinn duerch. Iwwer Frankräich läit awer nach eng Kalfront, un där sech op e Neits Wiedere forméieren.

Schwéier Prognos duerch Modelldifferenzen

D’Konvergenzlinn, un där genee iwwert eise Käpp am Laf vum Nomëtte méi zolitt Donnerwieder entstaan si, verléisst eis Groussregioun lues a lues a Richtung Nordosten.

Wéi geet et elo virun? D’Konvergenzlinn hu mir hannert eis, de Passage vun der Kalfront steet awer nach bevir. Un dëser Kalfront an och am Virfeld dovun entwéckle sech iwwer Frankräich de Moment nei Schaueren an deels kräfteg Donnerwieder, un deenen déi selwecht Phänomeener optriede kënne, wéi am Nomëtte scho bei eis. E puer Modellrechnunge no soll eis an der Nuecht nach en Donnerwiedersystem treffen, anere Berechnunge no soll dat Ganzt awer schon a sech zesummefalen ier et iwwerhaapt zu Lëtzebuerg ukënnt.

Ob an der Nuecht wierklech nach en Donnerwiedersystem kënnt, kann am Moment keen soen. Déi eenzeg Méiglechkeet dat erauszefannen ass déi, d’Satelliten- a Radarbiller stänneg am Aen ze halen. D’Potenzial ass op alle Fall nach do.

Also: d’Kalfront iwwerrullt eis sécher, spéitstens muer de Moie fréi géint 7 Auer, mee ob se mat Donnerwieder duerchsat ass, muss nach ofgewaart ginn. Link: Nei Virwarnung aktiv