Donnerwiederpotenzial um Dënschden, mee wou brécht den “Deckel”?

Muer besteet zwar en héicht Potenzial fir Donnerwieder – mee ouni Ausléier geet näischt. Brécht den “Deckel” vun eisem Kachdëppen oder net? Wa jo, da besteet d’Gefor vu Knëppelsteng an zolittem Staarkreen.

Advertisement

E grousst Donnerwiederpotenzial

Sou wéi et haut och schonn war, läit muer eng immens héich potenziell zur Verfügung stoend Energie an der Loft. An der Meteorologie kucke mir eis fir dëse Parameter de sougenannte CAPE un (Convective Available Potential Energy). Dëse läit muer an enger Sträif vum nërdlechen/nordëstleche Frankräich iwwert de Weste bis an de Nordweste vun Däitschland eran an och iwwer BeNeLux bei tëscht 2000 a 4500 J/kg – wat fir eis Géigenden schonn eng Hausnummer ass.


D’Berechnung zum CAPE laut däitschem ICON-EU Modell | Grafik: wxcharts.com

Dës Berechnungen iwwerschneide sech mat de Simulatiounen zum potenziell ofreenbare Waasser an der Atmosphär, et ginn tëscht 25 a 50 mm berechent. Zousätzlech feelt et un engem staarken Héichtewand, wat heescht, dass sech all Zell, déi sech ënnert dëse Konditioune forméiert, net séier vu Plaz beweegt. Dat ka séier a lokalen Iwwerschwemmunge resultéieren. Weidere Risk si Knëppelsteng.

Ouni Opdriff näischt lass

Mir hu muer, synoptesch gesinn, kee konkret Segment wéi beispillsweis eng Kalfront, déi dofir suergt, dass d’Loftmasse gehuewe ginn a soumat vum Potenzial gebrauch maachen – wat een dann och nach gären “den Deckel sprengen” nennt. Et wees ee just, dass muer an de virdru genannte Géigenden klengräimeg Konvergenzzonen agelagert sinn. Dorënner versteet ee Sträifen um Buedem, un deenen de Wand aus verschiddene Géigenden openeentrëfft. Duerch dës Beweegung sinn d’Loftpaketer dozou gezwongen, sech ze hiewen, wat dann dozou féiert, dass den “Deckel” gesprengt gëtt.

Et ass leider net genee méiglech ze soen, wou sech dës Konvergenzlinne wäerten ophalen. Iergendwou am virdru genannte Korridor wäert et awer sinn. Heescht: Muer deit sech, falls eppes zu Lëtzebuerg sollt entstoen, net laang virdrun un, dass eppes kënnt. Dës Zelle kënnen immens séier an Zäit vun e puer Minutten entstoen, an zwar komplett no Zoufallsprinzip.

Wat den Zäitpunkt ugeet klëmmt de Risk am Nomëtten, méi markant ass en awer wärend dem Owend/spéideren Owend.