Donnerwiederrisk: Den aktuelle Stand fir e Mëttwoch an en Donneschden

Vun haut u baut sech e grousst Donnerwiederpotenzial iwwer Frankräich op, wat sech muer an en Donneschden och an eis Géigende verlagert. Hei fannt Dir eng ausféierlech Iwwersiicht zu der nawell komplexer Wiederlag.

Advertisement

Potenzial a Frankräich a wat dat mat eis ze dinn huet

Op de wäermste Plazen a Frankräich ginn de Moment (30.07.2024 – 12:25 Auer) tëscht 30 a 37 Grad gemooss, am Nomëtte gi punktuell 40 Grad erreecht. Den Taupunkt läit dobäi bei tëscht 20 a punktuell 25 Grad, wat d’Saach zimmlech belaaschtend mécht: Et schwätzt fir eng immens héich Loftfiichtegkeet op Buedemhéicht, wat mir och nach “schmeier” nennen. De sougenannte CAPE (Convective Available Potential Energy), deen déi potenziell zur Verfügung stoend Energie ugëtt, läit aktuell iwwert der westlecher Mëtt vum Land bei 3000 bis deels 4700 J/kg, wat extreem héich Wäerter sinn. Nach ass et awer op de meeschte Plaze sonneg, wat dru läit, dass et bis ewell nach keen “Trigger” dofir gouf, fir dës potenziell Energie ze entlueden. An der Héicht läit och nach en onsichtbaren Deckel: Dorënner versti mir eng waarm an dréche Schicht, déi et verhënnert, dass Donnerwieder entstinn. Dësen Deckel kann duerch en Trigger awer duerchgebrach ginn, a genee dat berechne verschidde Modeller fir déi nächst Stonnen.


Déi aktuell buedembaséiert CAPE-Wäerter fir Frankräich | Grafik: keraunos.org

Wat fir eng Relevanz huet dat dann fir Lëtzebuerg? Nach keng all ze grouss, mee et entscheet trotzdeem doriwwer, wéi warscheinlech et ass, dass fläit eppes an der Nuecht eiser Grenz méi no kënnt. Als Trigger déngt eng Déifdrockzon, déi am Laf vum Dag vum südwestleche Frankräich a Richtung Nordostfrankräich zitt. Dës Déifdrockzon alleng suergt schonn fir “Hiewung”, gëtt awer nach zousätzlech duerch agelagert “Konvergenzzonen” ënnerstëtzt. Un hinne stréimen d’Loftmassen aus verschiddene Richtungen openeen – se kënne just no uewen, also nach méi Hiewung. Dës Stéchwierder ginn geschwënn fir de relevanten Deel fir Lëtzebuerg nach interessant.

Wat Frankräich betrëfft, gëtt et vun de Modeller staark ënnerschiddlech berechent, ob a wou den Deckel duerchgebrach gëtt a wou net. Den “optimisteschste” Modeller no kéint den Owend südlech vu Paräis e gréissere System mat Staarkreen, Knëppelsteng a Stuermstéiss entstoen.

Wat ass mat Lëtzebuerg?

Sollten dës Wiederen entstoen, dann géif eng minimal Warscheinlechkeet dovu bestoen, dass staark ofgeschwächt Reschter dovun iergendwann um fréie Mëttwochmoie bei eis ukommen. Vu grousser Relevanz sollten déi awer net sinn – ausser an dem Sënn, wéi laang se brauchen, fir erëm ze verschwannen. Wéi vill sech d’Sonn nämlech ka weisen, wierkt sech och op d’Donnerwiederpotenzial aus. Déi aktuell Haapt-Iddi vun de Modeller ass déi, dass et am Dag selwer zu isoléierten Dimmere kéint kommen, ier eis dann entweder am spéidere Nomëtten oder am Laf vum Owend e System aus der Belsch/aus Frankräich erreecht. Kënnt eppes dagsiwwer, dann besteet de Risk vun zolittem Reen a Knëppelsteng. Kënnt de System um Owend, da wier de Risk vu Knëppelsteng méi kleng mee deen vu Stuermstéiss klëmmt.


Undeitung vun engem Donnerwiedersystem, deen eis e Mëttwochowend kéint erreechen. Eng Confirmatioun steet nach aus | Grafik: wxcharts.com

En Donneschde leet sech eng Konvergenzzon. Mir erënneren eis: Un esou enger stréimt d’Loft zesummen a ka sech just an den Himmel hiewen, wat en Trigger fir d’Entwécklung vu Schaueren an Donnerwieder ass. Weiderhin ass déi potenziell zur Verfügung stoend Energie immens héich, wat d’Saach also begënschtegt. Soubal dës Konvergenz de sougenannten “Deckel” iwwerwonne kritt, entstinn an enger breeder Sträif vu Nordfrankräich bis an d’Belsch an och Däitschland eran Donnerwiederzellen. Dës trieden éischter an isoléierter Manéier op, kënnen awer virun allem fir Knëppelsteng a Staarkreen suergen – dat heescht, dass se bei wäitem NET iwwerall optrieden! Bedenkt bei dëser Ausso och déi kleng Gréisst vun eisem lëtzebuerger Land.

Fokus läit um Staarkreen

Net nëmmen um Buedem ass d’Loftfiichtegkeet immens héich, mee der Atmosphär steet de Modeller no eng immens grouss Mass u Waasser zur Verfügung, déi sech potenziell kann entlueden. Ënnert de stäerksten Donnerwieder kann et am blöde Fall also och zu Iwwerschwemmunge kommen – dës Ausso bezitt sech awer net explizit op Lëtzebuerg mee generell gréisser Deeler vu Frankräich, BeNeLux an Däitschland.

Well d’Modeller d’Situatioun net esou genee kënnen andeelen, heescht et, muer an en Donneschden de Radar am Aen ze halen. Météo Boulaide mécht dat fir Iech!