Donnerwiederrisk haut um Samsden: De kompletten Détail

Haut um Samsde kënne sech a fiichtwaarme Loftmasse Schaueren an Donnerwieder forméieren. Et handelt sech heibäi awer ëmt eng normal summerlech Donnerwiederlag, extrem Zenarien wéi d’lescht Woch si keng ze fäerten.

Am Beräich vun engem Buedemdéif huet sech an der Nuecht op de Samsden iwwert der ëstlecher Mëtt vu Frankräich en Donnerwiederkomplex (MCS = Mesoscale Convective System) forméiert, deen um fréie Samsdemoien Deeler vum Südweste vun Däitschland a BeNeLux erreecht huet. Dëst ënner Ofschwächung: et kënnt just nach zu schwaachem Reen, dee just punktuell méi kräfteg ënnerwee ass. Eenzel Blëtzentluedunge sinn och nach méiglech.

Am weidere Verlaf vum Dag rechnen d’Modeller domat, dass sech dës Iwwerreschter weider a Richtung Osten a Nordosten ausbreeden fir hannendrun erëm Plaz fir sonneg Momenter ze maachen. Sollt dëst esou kommen, da kéint sech erëm genuch Energie opbauen, dass sech an de fiichtwaarme Loftmasse nei Donnerwieder forméieren. Dës Donnerwieder géifen iwwert dem Nordoste vu Frankräich an och am BeNeLux-Beräich entstoen an dann am weidere Verlaf vum Dag erëm méi a Richtung Südwestdäitschland bis erop an d’Mëtt ausscheren. Vum Owend un hëlt den Donnerwiederrisk am Westen of, d’Aktivitéit verlagert sech am Allgemenge méi a Richtung Baden Württemberg, Bayern, Südosthessen, Thüringen & d’Schwäiz.

Wat Lëtzebuerg betrëfft kënne sech also wuel Schaueren an Donnerwieder an eiser Groussregioun forméieren, dat deemno wéi och méi kräfteg. Onwiederaartëg Zenarie wéi d’lescht Woch sinn awer ausgeschloss! Alles, wat bei eis entsteet, zitt kuerz Zäit drop weider op déi däitsch Säit. Eis Géigenden déngen also méi der Entwécklung fir d’Donnerwieder, déi sech am weidere Verlaf an Däitschland erabeweegen.