Donnerwiederrisk iwwert de Weekend: Viraussiichtleche Fuerplang

De Weekend iwwer kënnt erëm déiwe Loftdrock an d’Spill, duerch deen erëm Schaueren an eenzel Donnerwieder optriede kënnen. Den aktuelle Stand dozou fannt Dir an dësem Artikel.

Déifdrockgebitt bréngt schmeier Loftmassen

De Moment leie mir nach gréisstendeels ënner Héichdrockafloss – wat sech an de nächste Stonnen an Deeg awer lues a lues ännere wäert. Schold dofir ass en Déifdrockgebitt knapp westlech vun der franséischer Küst, wat fiichtwaarm Loftmassen a Richtung Mëtteleuropa an esou och op Lëtzebuerg lenkt. Do wou waarm a fiicht Loftmassen openeestousse kënne sech Schaueren an Donnerwieder forméieren, déi deemno wéi och erëm e bësse méi zolitt ausfale kënnen. Dësen Artikel beschreift e bëssen de Verlaf bis de Sonnden a beäntfert och d’Fro, wéi de Risiko duerch méiglech Onwieder zu Lëtzebuerg anzegrenzen ass.

Oflaf

Um Freide bleift et nach roueg zu Lëtzebuerg – iwwert dem Weste vu Frankräich gëtt awer esoulues dat beschwat Déifdrockgebitt aktiv, wat iwwert dem Nordwesten mee awer och iwwer Deeler vun der Mëtt vu Frankräich Donnerwieder ausléise kann. Am weidere Verlaf vum Dag, resp. spéideren Owend & zweet Hallschent vun der Nuecht op de Samsden, sollen d’Iwwerreschter vun dëser Aktivitéit iergendwann an eiser Groussregioun ukommen. Dës wäerten dann viraussiichtlech schonn am ofgeschwächte Stadium sinn, wou just nach sporadesch dotëscht Blëtzentluedungen ze erwaarde wieren. Dëst bedeit awer net, dass keng Segmenter mat punktuell méi kräftegem Reen dobäi kënne sinn.

Dës Zon mat den Schauer- an Donnerwiederrreschter soll sech dann dem europäesche Wiedermodell ECMWF no am Laf vum Samsdevirmëtten reaktivéieren, soudass een an eiser Groussregioun an och zu Lëtzebuerg selwer erëm e puer Schaueren an Donnerwieder net ausschléisse kann. Dës hätten dann d’Potenzial vu Staarkreen, spierbare Wandstéiss bis 70 km/h a klenge Knëppelsteng. D’Intensitéit sollt sech also gréisstendeels a Grenzen halen, ier dës Aktivitéit am weidere Verlaf vum Nomëtte zéier a Richtung Osten an Däitschland virunzitt. Besonnesch betraff sinn soll elo eng Sträif vum südleche Nordrhein Westfalen iwwer Rheinland-Pfalz iwwer Deeler vun Hessen bis erof a Baden Württemberg an och Bayern. Iwwerdeems déi potenziell Intensitéit a Richtung Norden éischter ofhuele sollt, rechnen d’Modeller besonnesch a BaWü an Bayern laanscht den Alperand mat enger gudder Iwwerlappung vu CAPE, Wandscherung a buedemnoer Loftfiichtegkeet. An dëse Beräicher besteet de Risk vu Superzellen, déi gréisser Knëppelsteng bis 5 cm am Duerchmiesser, Stuermstéiss a Staarkreen mat séch brénge kënnen. Och en Tornado wier an dësem Environnement net ausgeschloss. Zu dësem Zäitpunkt wou dës Aktivitéit amgaang wier, wieren zu Lëtzebuerg just nach wéineg bis guer keng Nidderschléi méi ënnerwee. Den Zäitpunkt vun deem mir hei schwätzen ass viraussiichtlech vum Samsdenomëtten 19 Auer un.

Um Sonnden ass den allgemengen Donnerwiederrisk méi niddreg, et kann awer op enger gréisserer Fläch zu vereenzelte Schauere kommen. Dës Fläch ass quasi gesamt Mëtteleuropa, nëmme punktuell sinn och méi kräfteg Schaueren dobäi. En eenzelt Donnerwieder ass och méiglech, mee de Risk ass an eise Géigenden um Samsde méi héich wéi um Sonnden.


Déi viraussiichtlech Risikogebitter fir de Samsden, 24. Juli 2021 | Kaart: modellzentrale.de

Fazit

An der Nuecht op de Samsde kënnen aus Frankräich Iwwerreschter vun Donnerwieder bei eis eriwwergeschwappt kommen – dës sollten amgange sinn, sech ofzeschwächen. Dann, am Laf vum Samsdevirmëtten, Reaktivatioun vun den Zellen, wouduerch et och bei eis zu méi kräftege Schaueren an Donnerwieder komme kann – dat awer op lokal begrenzter Basis (nach laang net jidderee kritt e kräftege Schluet of). Spéiderhin dann, am Laf vum weidere Nomëtten, zéien d’Schaueren an Donnerwieder weider an Däitschland eran a suergen an enger Sträif vun NRW iwwer RLP, SL, BaWü a BY fir deels méi zolitt Wiederen, haaptsächlech BaWü & BY (Superzelle méiglech). Heescht: d’Potenzial fir staark Donnerwieder ass zwar zu Lëtzebuerg ginn, ass awer an den anere genannte Géigenden nach e gutt Stéck méi héich. Lëtzebuerg spillt also méi um Rand mat, mir leie net voll an der Risikozon. Zeenen wéi déi vu leschter Woch si schonn guer net ze erwaarden – ënnert anerem dowéinst, well mir et mat enger anerer Grousswiederlag ze dinn hunn.