
Wéi e Mëttwoch schonn ugeschwat, besteet vu muer un de Risk vun eenzelne méi kräftegen Donnerwieder an der Groussregioun.
D’Grousswiederlag
Wéi e Mëttwoch an engem Artikel geschriwwen, klëmmt elo de Risk vun Donnerwiederlagen an eise Géigenden. De Grond dofir ass héije Loftdrock iwwer Osteuropa, iwwerdeems déiwe Loftdrock iwwert dem Nordweste läit. Dotëscht stellt sech eng fiichtwaarm Südweststréimung an, duerch déi et an enger Sträif vu Südwestfrankräich bis an de Nordoste vun Däitschland ëmmer erëm kann zu Donnerwiederlagen kommen – a Lëtzebuerg läit och an där Linn.
De Verlaf
Muer um Méinde kënnen eis de Modeller no schonn am Laf vum Virmëtten eenzel Schaueren an Donnerwieder aus Frankräich méi no kommen, déi eis awer tendenziell mat hirem Gros südëstlech sollte passéieren. Eng änlech Situatioun soll eis dann nach eng Kéier am Nomëtten ustoen, wou och erëm e Gebitt mat Schaueren an Donnerwieder soll eropgezu kommen fir eis warscheinlech op e Neits mam Gros südëstlech ze verfeelen. Den interessanten Deel erwaart eis eréischt um Owend/spéideren Owend, fir den d’Modeller e gréissert Schauer- an Donnerwiedergebitt fir Lëtzebuerg berechnen. Dëst géif dann bis an den Dënschden eran bei eis bleiwen, ier et ofzitt.

Den ICON D2-Modell dogéint gesäit quasi keng Aktivitéit iwwert eise Géigenden, wat heescht, dass dëst alles nach net an dréchenen Dicher ass. Et ass méi als en Hiweis opzefaassen. Sollt eppes an eise Géigenden opkräizen, da wier virun allem mat Staarkreen, Knëppelsteng a stiermesche Wandstéiss ze rechnen.
De Super-HD Modell vum Kachelmann rechent fir den Dënschdemoien géint 10 Auer mat engem weideren Donnerwiedersystem, deen aus Frankräich eropgezu kënnt. Dëse soll den äusserste Südoste vum Land sträifen – haaptsächlech géif am Fall vum tatsächlechen Antrieden de Risk vu Stuermstéiss bestoen. Och aner Modeller gi Signaler dofir, mee an däitlech manner nennenswäerter Intensitéit.
An duerno?
Genee Agrenzunge kann een zwar nach net maachen, mee esou änlech Zenarien kënnen och nach bis en Donneschden inclus virkommen. Halt Météo Boulaide am Aen fir näischt ze verpassen, oder lued eis GRATIS App erof.