Donnerwiederserie am Mëttelmierraum: Grouss Knëppelsteng, Stuerm an immens vill Reen

Wéi virausgesot, ass zanter gëschter eng Onwiederlag iwwert dem Mëttelmierraum aktiv. De Moment trëfft et d’Balearen zimmlech zolitt, geschwënn sinn och weider Deeler am Mëttelmierraum betraff.

Titelbild: @dirk_ga op X

Advertisement

Schonn gëschter deels zolidd Onwieder

Am Nordweste vun Italien, Süden & Südoste vun Däitschland, an der Osthallschent vun Éisträich, Tschechien, Süde vu Polen an deels och a Slowenien ass et schonn gëschter zu deels schwéieren Onwieder komm. Dorënner war immens vill Reen, deen fir Iwwerschwemmunge gesuergt huet – mee awer och zolitt Stuermstéiss a gréisser Knëppelsteng mat plazeweis 3 bis 4,5 cm am Duerchmiesser. Aus Däitschland ass och e Video vun däitlech méi grousse Steng dobäi.

Haut sinn d’Balearen drun

Wéi och schonn am Artikel vu virgëschter betount, leien och d’Balearen – inkl. Mallorca – am Risikogebitt. Haut ass et schonn zu markantem Schued komm, wéi dëse Video hei weist:

Eréischt vum spéideren Owend un ass op de Balearen mat enger lueser Berouegung ze rechnen, iwwerdeems sech de Schwéierpunkt vum Reen ëmmer méi an de Nordweste vun Italien verzitt. Am äusserste Nordwesten, direkt un der Grenz zu der Schwäiz & Éisträich, sinn de Modeller no bis muer de Moie fréi deels wäit iwwer 100 l/m² méiglech. Zur selwechter Zäit mécht sech e Wandfeld breet, wat sech vu westlech vu Marseille a Richtung Corse zitt.

De weidere Verlaf

Muer um Méinden zitt sech dat besot Wandfeld iwwert d’Corse, Sardinien a Richtung Roum. Iwwert dem oppene Mier si Wandvitessen vun 130 km/h méiglech, och u Land, besonnesch an den Héichlagen, gëtt et immens stiermesch. Iwwerdeems peitscht de Gros vum Reen weiderhin widdert déi italienesch Alpen, wouduerch bis dato viraussiichtlech schonn plazeweis ëm 200 l/m² Reen erofkomm sinn. Et ass mat Iwwerschwemmungen, Bullislawinnen an Äerdrëtsch ze rechnen. Och iwwert der Corse ass mat groussen Zommen ze rechnen.


Déi viraussiichtlech Reenzommen bis an de fréien Dënschden eran | Grafik: wxcharts.com

En Dënschden verlagert sech de Reen nach méi wäit an den Osten. Iwwert den Alpen, Italien an och an der Küsteregioun vum Balkan kënnen zolitt Schliet optrieden, mee net grad esou flächendeckend. De staarke Wandstroum iwwert der westlecher Hallschent vum Mëttelmier bleift weiderhin aktiv.


De viraussiichtleche Verlaf vum Wandfeld bis en Dënschden inclus | Animatioun: wxcharts.com