Muer an iwwermuer gesinn d’Modeller kleng Schnéifallgebitter iwwer BeNeLux & Deeler vun eiser direkter Noperschaft zu Däitschland zéien. Wat dobäi erauskomme kann kucke mir eis elo un.
Héije Loftdrock & kleng Déifdrockgebitter
Wéi am Wochenausbléck schonn gesot, probéiert sech den Héichdrockafloss duerchzesetzen. Et drécke sech awer trotzdeem heiansdo kleng Déifdrockgebitter dotëscht, déi dann awer erëm fir méi grot & naasst Wieder suerge kënnen.
Et kommen e puer kleng Schnéidéifer an d’Spill, déi plazeweis e bëssen eppes u Schnéi ofwerfe kënnen. Dem engen oder anere Modell no verlafen Deeler vun dëse Nidderschlagsgebitter och iwwer BeNeLux, also och Lëtzebuerg. Kucke mir eis déi Saach mol un.
Schnéischauere méiglech, mee keng gréisser Quantitéiten
Muer den Owend spéit verlagert sech e klengt Déif vun der Nordséi aus a Richtung Dänemark. Dat bréngt dann dem europäeschen ECMWF-Modell no den Effekt mat séch, dass sech muer am Virmëtten e puer Schnéischauere vun der Belsch hier op Lëtzebuerg beweegen. Am meeschten dovu betraff wier awer haaptsächlech d’Belsch, Nordrhein-Westfalen an Rheinland-Pfalz. Den amerikanesche Modell GFS gesäit dëst klengt Schnéifallgebitt bis erof un eis Grenze kommen, et sollt eis dann awer net weider betreffen. Eréischt fir den Owend gesäit dëse Modell kräfteg Nidderschléi a Form vu Schnéi iwwer Lëtzebuerg, iwwerdeems den ECMWF just e puer eenzel Schauere gesäit.
Huele mir de franséischen ARPEGE-Modell dobäi da gesäit dësen fir den Donneschdevirmëtten d’Schnéifallgebitt wuel nërdlech un eis laanschtzéien, eenzel Schaueren déi sech ausserhalb vun dësem Gebitt beweege kënnen et awer op Lëtzebuerg packen. Och um Owend géif et sech dësem Modell no ëm e puer eenzel Schnéischaueren handlen, mee mat enger limitéierter Intensitéit.
D’Situatioun um Freiden
Fir e Freide gesinn all déi ausgesicht Modeller ECMWF, GFS, ICON an ARPEGE e klengt Déif vun der Nordséi hier op Lëtzebuerg erofgezu kommen. Vum spéidere Freidenowend un wier mat mol méi a mol manner staarkem Schnéifall ze rechnen. De GFS gesäit de kräftegste Schnéifall, den ECMWF huet dat Ganzt erëm méi a Schaueren opgedeelt a gesäit dat meescht iwwer Nordrhein-Westfalen a Rheinland-Pfalz ewechzéien. Den ICON gesäit och fir Däitschland dat meescht, d’Schnéigebitt soll awer och zu engem Deel iwwert eis ewechzéien. Och den ARPEGE gesäit dëst Schnéigebitt, mee mat enger manner héijer Intensitéit.
D’Schnéiquantitéiten…
Zesummegezielt kann erëm bëssen eppes u Schnéi zesummekommen. Well et tëscht de Modeller awer nach zu Ënnerscheeder kënnt, kristalliséiere sech d’Héichte wuel éischter kuerzfristeg oder iwwerdeems eraus. De Range beweegt sech tëscht 1 a 15 cm – Dir mierkt, d’Modeller maachen engem d’Prognos de Moment net liicht.