Donneschden a Freiden: Wiermt-Peak iwwer Mëttel- & Südwesteuropa

Déi nächst Deeg ginn alles anescht wéi kal, virun allem fir Mëtt Mäerz. En éischte Wiermt-Peak stellt sech iwwert dem Kontinent an.

Advertisement

Eng iwwerduerchschnëttlech waarm Stréimung

Muer um Donneschden an och e Freide stinn d’Drockgebitter gënschteg, fir dass sech däitlech méi waarm Loftmassen vu Südwesteuropa hier an eis Géigende kënne beweegen. Och an der nächster Woch soll dat weiderhi kënne virkommen, mee dann zwar mat Ofbriechungen.


D’Grousswiederlag fir en Donneschden | Grafik: wxcharts.com

Ëm 23°C a Südfrankräich, a bei eis hei uewen?

Muer an iwwermuer erwaarden also gréisser Deeler vum südwesteuropäeschen a mëtteleuropäesche Raum den éischte Wiermt-Peak vum Fréijoer. Besonnesch opfälleg ass dat, wa mir an de Südweste vu Frankräich kucken: Nërdlech vun de Pyrenäen ass de Modeller no en Donneschde mat Maximalwäerter vun 23°C ze rechnen. Och aner Deeler vum Südwesten erliewe bis zu 20°C, deels och liicht driwwer.


D’Temperaturkaart fir muer de Mëtten iwwer Frankräich | Grafik: wxcharts.com

Iwwert der Mëtt vu Frankräich kënnen tëscht 16 a lokal 20°C optrieden, un de Küsten ass et mat 13 bis ëm 15°C en Tick manner mëll. Iwwert der Belsch sinn och Maximalwäerter vun 18°C duerchaus méiglech, d’selwecht fir den äusserste Nordweste vun Däitschland an och Deeler vu Baden-Württemberg.

A wéi ass et mat Lëtzebuerg? Bei eis geet et nach net grad fir esou héich Wäerter duer, an awer wier et mat 13 bis 16°C zimmlech mëll – an domat souwisou iwwerduerchschnëttlech waarm fir d’Joreszäit. E Freide wiere mat 12 bis 15°C nach eng Kéier änlech Wäerter mat dobäi.

Freiden déi éischt 20°C an Däitschland?

De Wiermt-Peak verlagert sech e Freide weider an de Nordosten. Verschidde Modeller wëlle laanscht den äussersten Osten/Nordosten (Brandenburg, Berlin, Thüringen) punktuell 18 bis fläit knapp 20°C net komplett ausschléissen.

Iwwert de Weekend gëtt et erëm iwwerall manner mëll, mee mir bleiwen ëmmer nach am iwwerduerchschnëttleche Beräich.