Och déi neist Modeller deiten un, dass een den Donneschdenowend a Saache Wand méi genee muss am Aen halen. Sollten och nach Donnerwieder optrieden, da kéint et richteg “ruppeg” ginn.
Advertisement
Randdéif mécht et spannend
Mir leien en Donneschden erëm ënnert enger Westwiederlag a ginn haaptsächlech vun engem Déifdrockkomplex dominéiert, deen säin Zentrum iergendwou südlech vun Island wäert hunn. Innerhalb vun dësem Déifdrockkomplex forméiere sech um Rand weider kleng Déifer, och nach Randdéifer genannt. Duerch hir Positioun um äusserste Rand hu se eng héich Vitesse drop – mat dobäi kënnt, dass se kleng sinn. De geneeë Lafwee vun engem Randdéif ze ermëttelen ass net ganz esou liicht, an dobäi kënnen e puer Kilometer Ënnerscheed a Saache Wandvitessen awer fir gréisser Differenze suergen. Mee elo mol der Rei no.
Markant Stuermfeld bis hin zu schwéiere Stuermstéiss méiglech
Den Donneschdenowend gëllt dowéinst am Aen ze halen, well awer duerchaus färem Wandstéiss méiglech sinn. Gëschter hate mir eis dat ganzt jo schonn mol ugekuckt, an och an de momentane Modellrechnungen ass d’Déif weiderhin esou änlech erëmzefannen. Dem Super-HD Modell no vu Kachelmannwetter gi vum spéideren Donneschdenomëtten/fréien Owend un stiermesch Wandstéiss vun tëscht 60 a 75 km/h erreecht. Tëscht kuerz viru 19 Auer an 21 Auer rechent dëse mat engem markante Frontenduerchgang, bei dem esouguer Donnerwieder méiglech wieren. Sollt een dovun optrieden, da géif de Risk vu schwéiere Stuermstéiss bis hin zu orkanaartege Wandstéiss vu bis zu 120 km/h besoten. Mee dëst ass e WORST CASE! – net all d’Modeller gesinn et esou markant.
Aner Wiedermodeller rechne mat Spëtzte vun tëscht 75 a 90 km/h an eise Géigenden, wat ëmmer nach markant a warnrelevant ass. Zumools wann dann och nach en Donnerwieder sollt optrieden, wier mat den héchste Vitessen ze rechnen. Dat wat bei dëser Situatioun entscheet ass déi definitiv an tatsächlech Positioun vum Randdéif – de beschriwwenen Zenario ass also nach net definitiv, mee muss am Aen gehal ginn. Météo Boulaide bleift fir Iech um Ball!