Donneschden & Freiden: Risiko vu schwéieren Onwieder an der Groussregioun

Wéi schonn kommunizéiert, besteet muer an och um Freiden e grousse Risk vun Onwieder. Dat net nëmme bei eis, mee och bei eisen direkte Noperen.

Virwuert

Déi aktuell Berechnungen deiten, virun allem um Freiden, op mannst lokal op eng potenziell extrem Onwiederlag hin. Och muer um Donneschde kann et schonn zu den éischte méi zolitten Apparater kommen. Ech wëll just direkt betounen, dass Lëtzebuerg am Géigesaz zu der Gréisstenuerdnung vun dëser Onwiederlag nëmmen e klenge Fleck ass. D’Risikozon erstreckt sech iwwer grouss Deeler vu BeNeLux, Nordfrankräich an Däitschland. Mir leie gréisstendeels voll am Risikogebitt, wat awer net zwéngend heescht, dass mir och déi voll Intensitéit ze spiere kréien.

Trotzdeem: Mat Precautiounen huele mécht een op alle Fall näischt falsch. Kënnt näischt, dann hate mir immens Chance. Kënnt awer eppes, da konnt Dir op mannst de potenzielle Schued verréngeren.

Viraussiichtleche Verlaf vum Donneschden, 19. Mee

Um Donneschden erreechen eis aus südwestlecher Richtung immens schmeier Loftmassen. Et ass mat engem Taupunkt vun tëscht 17 an deels esouguer 20 Grad ze rechnen – et gëtt also richteg onangenehm dompesch. Et forméiert sech eng Déifdrockzon, déi sech vum südwestleche Frankräich bis erop iwwer BeNeLux bis un d’Grenz zu Dänemark erstreckt. An dëser Zon fléissen d’Loftmassen openeen (och duerch agelagert Konvergenz-Zonen) a kënne soss néierens hin auswäichen wéi no uewen. Et forméiere sech also Wolleken, déi zu Schaueren an Donnerwieder zesummewuesse kënnen. Dem europäeschen ECMWF-Modell no soll géint 13 Auer schonn en Donnerwiedersystem op enger Sträif vu Westholland aus bis erof an de Grenzberäich Belsch/Frankräich aktiv sinn. Dëse System soll sech an de Stonnen drop weider an den Osten verlageren a sou e groussen Deel vun der Westhallschent vun Däitschland erreechen – an domat hätt se eben och Lëtzebuerg passéiert.


D’Berechnunge vum ECMWF fir den Donneschdenomëtten | Grafik: wxcharts.com

Wann dësen Donnerwiedersystem esou kéim wéi dëse Modell et berechent, da wieren och e puer Bou-aarteg Segmenter mat dobäi (Bow Echo). Un dëse Segmenter wier de Risk vu schwéiere Stuermstéiss bis ëm 100 km/h erhéicht. Niewebäi besteet de Risk vu Knëppelsteng vun 1 bis 3 cm am Duerchmiesser souwéi och extremem Staarkreen mat Intensitéiten vun tëscht 20 a 40 l/m² a kuerzer Zäit, wat zu engem Iwwerschwemmungsrisk féiert. Och aner Modeller deiten änlech Zenarien un, mee e bësse manner intensiv.


D’Berechnunge vum ICON fir den Donneschdenomëtten | Grafik: wxcharts.com

A nach eng Kéier: et wäert un dëser Donnerwiederfront och Segmenter ginn, déi manner intensiv sinn. Ween wéi staark getraff gëtt, kann een eréischt soen, wann de System sech forméiert huet & een d’Radarbiller am Aen hält.

Och hannert der Front wiere nach Entwécklunge méiglech, mee éischter eenzel a net méi primär a Form vun enger Front.

All Aen op de Freiden, 20. Mee

Déi ganz Wiederwelt kuckt de Moment virun allem op de Freiden. Um Freide kommen all Zutate fir e schwéieren Onwiederdag beieneen, ënnert anerem déifhänkend Wollekebasen, héich Loftfiichtegkeet op Buedemhéicht, staark ausgepräägt Wandscherung (Ännerung vu Wandvitesse- & Richtung mat der Héicht) an héich potenziell zur Verfügung stoend Energie (CAPE). Do wou sech dës Parameter iwwerlappen sinn extrem zolitt Entwécklunge méiglech.

D’Modeller deiten fir de Freidevirmëtten d’Entwécklung vun engem groussen Donnerwiederkomplex un, deen iwwert dem Norde vu Frankräich leie soll. Dëse System soll sech séier weider verstäerken an a Richtung Nordoste virunzéien. Am Nomëtte soll den Zentrum vun dësem grousse System iwwer Nordrhein-Westfalen leien a südlech dovun weider Onwieder mat sech zéien. Bis an den Owend era ka sech eng grouss Donnerwiederfront breetmaachen, dat eng Kéier vum nërdlechen Däitschland bis erof an d’Mëtt.


Déi ongeféier Andeelung vum Freiden, experimentell | Grafik: wxcharts.com, Edit: Météo Boulaide

Wat ee méi wäit an de Norde kënnt, wat de Risk vun extreme Phänomener ofhëlt. De Grond: d’Parameter fir dës Entwécklungen iwwerlappe sech do uewe net esou gutt. Do, wou se awer gutt iwwerteneegräifen, ass e gréissere Beräich vu BeNeLux, N Frankräich riwwer iwwer d’Mëtt vun Däitschland bis eventuell esouguer bal an den Oste vun Däitschland de Fall. An dësem breede Beräich besteet de Risk vu schwéiere Stuermstéiss bis 100 km/h, virun allem am Beräich vun engem Bow Echo mol wäit driwwer. Duerch agelagert Superzellen ass de Risk vun engem Tornado erhéicht, souwéi och vu Knëppelsteng déi Gréisste vun tëscht 3 a 6 cm kënnen erreechen. Mat dobäi kënnt och erëm extreme Reen, deen an Zäit vun e puer Minutten fir Iwwerschwemmunge suerge kann.

De Freiden ass e richteg explosiven Dag. Et ass nach net alles an dréchenen Dicher, muer um Donneschde wäert sech sécherlech nach esou munches fir de Freiden änneren. Intensitéit souwéi och den Aflossberäich kënne nach staark variiéieren. Météo Boulaide hält Iech um Lafenden!