Donneschden: Kuerz ongemittleche Mix aus Wand an deels kräftegem Reen

En ausgewuessene Stuerm erwaart eis zwar net, an awer gëtt et duerch d’Kombinatioun aus kräftegem Reen a Wand kuerzzäiteg nach méi ongemittlech.

Advertisement

Et passéiert eis eng Kalfront

Muer um Donneschde passéiert eis eng Kalfront, déi vun engem Randdéif ausgeet, wat mat sengem Kär vun der Nordséi aus eriwwer op d’Ostséi zitt. Un dëser Kalfront kënnt et zu kräftege Nidderschléi, mee awer och de Wand wäert en Thema ginn. En ausgewuessene Stuerm ass allerdéngs net ze erwaarden.


De franséischen AROME-Modell mécht d’Kalfront a senger Berechnung gutt siichtbar | Animatioun: wxcharts.com

Schonn méi fréi am Dag wäert et reenen, mee de geneeën Zäitpunkt, wéini eis d’Front selwer passéiert, ass an de Modeller nach net kloer erëmzefannen. Op alle Fall wäert et awer iergendwou tëscht dem spéidere Virmëtten an dem fréie Nomëtte sinn. Am Beräich vun der Front ass de Wand stramm ënnerwee, an de Spëtzte kann et op exponéierte Plazen Wäerter vun tëscht 50 a 75 km/h erreechen. Dass et deemno wéi zu eppes driwwer kënnt, ass net ausgeschloss, sollt allerdéngs just eng Ausnam bleiwen. Zur selwechter Zäit, also beim Passage vun der Front, reent et iwwerall am Land. Un der Front selwer sinn och Segmenter mat méi kräftegem Reen méiglech, duerch déi hannendru erandréckend kal Loft kënnen och vereenzelt Knëppelsteng (Graupel) net ausgeschloss ginn. D’Front wäert séier duerch sinn.

Hannert der Front leet sech de Wand ëmmer méi, duerch déi kill Loftmasse kann et um Owend net ausgeschloss ginn, dass et op de Koppen zu vereenzelte Flacke kënnt. Et soll ee sech heibäi awer net ze vill erwaarden.