Donneschden: Potenziell geféierlechen Onwiederdag an Däitschland! A wéi ass et mat Lëtzebuerg?

En Donneschde steet eng potenziell immens geféierlech Onwiederlag an Däitschland un. Lëtzebuerg sollt dës Intensitéiten zwar net erliewen, spillt awer trotzdeem ganz um Rand mat.

Advertisement

Donneschden markéiert d’Finall vun der Donnerwieder-Serie

Iert Dir ufänkt mat liesen: Dësen Artikel & d’Kenntnisser doraus sinn als Momentopnam festzehalen. Duerch esou e markant an dynamescht Déif, wat en Donneschden wäert iwwer Däitschland zéien, kënnen an de Modellrechnunen deemno wéi nach gréisser Spréng geschéien.

Folgend Zeilen sinn immens ausféierlech – ganz ënnen ass e Fazit virzefannen.

Zanter dem Sonndenowend kënnt et iwwer Mëtteleuropa verdeelt ëmmer erëm zu méi groussen Donnerwiedergebitter, déi op punktueller Basis fir Schued gesuergt hunn. Virun allem a Frankräich goufen an de leschten Deeg grouss Knëppelsteng bis 5 cm, Orkanstéiss bis 120 km/h an och den een oder aneren Tornado-Verdachtsfall eragemellt. Lëtzebuerg war, wat dës Serie ugeet, bis ewell nach net am Haaptfokus vun enger méiglecher Onwiederlag.

En Donneschde komme mir där Saach zwar am noosten, mee de Fokus soll ëmmer nach net bei eis leien: Iwwer Deeler vun der Mëtt vun Däitschland esouwéi och vum Süden ass en Donneschden duerch eng ongewéinlech Konstellatioun vun de Loftmassen mat enger héijer Warscheinlechkeet vun immens zolitten Phänomeener ze rechnen, déi esouguer d’Meteorologen vum staatlechen Däitsche Wiederdéngscht mat ganz strengem Wording an hiren Donnerwieder-Berichter beschreiwen. Sollt sech d’Situatioun aus de Kaarten eraus genee esou an d’Praxis iwwersetzen, wiere mat grousser Warscheinlechkeet Géigenden dobäi, an deenen et zu groussem Schued kënnt. D’Geforen heeschen: Extreemen Staarkreen mat Iwwerschwemmungsgefor, ganz grouss Knëppelsteng (duerch Superzellen), Wand an Orkanstäerkt & och eenzel Tornadoen. Dëst ass keng Virwarnung, mee just d’Interpretatioun vun de Modeller, wéi se schonn zanter Deeg ëmmer méi konstant berechent ginn.

Wat ass den Ausléiser?

Ausléiser fir dës interessant, mee méiglecherweis geféierlech Wiederlag ass en Donnerwiederdéif, wat e Mëttwochowend aus dem südleche Frankräich eraus entsteet a sech an der Nuecht op den Donneschden fix a Richtung BeNeLux mat sengem Kär beweegt. Déi éischt Statioun ass domat Lëtzebuerg. Dëse System géif engersäits haaptsächlech e grousst a méiglecherweis staarkt Nidderschlagsgebitt mat sech bréngen, duerch dat et wärend Stonnen Dauerreen-aartege Nidderschlag ka ginn, inkl. gréisseren Zommen a kuerzer Zäit. Wat awer zum aktuellen Zäitpunkt nach onméiglech anzeschätzen ass, ob dann schonn eenzel Donnerwieder wäerten mat dran integréiert sinn oder net. Fest steet: Dëst Déif weist eng immens Dynamik a kann an der Theorie schonn moies/am Virmëtten iergendwou am Raum BeNeLux esouwéi Rheinland-Pfalz & Nordrhein-Westfalen déi éischt méi zolitt Donnerwieder entstoe loossen. Sollt dat geschéien, da wiere Knëppelsteng dobäi a Staarkreen souwisou. Am Fokus wier awer virun allem och de Wand, deen alleng duerch den Effekt vum Déif schonn méi spierbar kann opdréinen, ganz ouni Begleedung vun Donnerwieder.

Wat ass mat Lëtzebuerg?

Fir nach eng Kéier ze verdäitlechen, wéi sech dës éischt Phas op eis auswierkt: D’Donnerwiederwarscheinlechkeet hält sech zu dësem Zäitpunkt zwar nach a Grenzen, et kann awer net ausgeschloss ginn dass der entstinn. Egal ob Donnerwieder oder net, e grousst Nidderschlagsgebitt schéngt, virun allem duerch déi konstant Berechnungen aus de leschten Deeg, als zimmlech warscheinlech. Well d’Déif awer esou kleng ass, kënne minimal Ännerungen um Lafwee schonn dozou féieren, dass komplett ënnerschiddlech Reequantitéiten am Verglach zu den eigentleche Berechnunge kënnen erofkommen. Iwwerdeems den däitsche Modell ICON haut de Moie nach Reequantitéite vun tëscht 30 a 75 l/m² knapp südëstlech vu Lëtzebuerg berechent hat, ass en haut den Owend der Meenung, dass dës immens héich Reenzomme knapp westlech solle laanschtgoen – also iwwer d’Belsch. D’Wouerécht bei der Saach ass: Dës Nidderschlags-Tracks kann ee net 1:1 iwwerhuelen, et ass en Theoriewäert. Esoulaang dës Zommen esou no un eisem Land gerechent ginn, besteet och bei eis de Risk vun dësem Ausmooss. De Laf vun haut den Owend gesäit iwweregens nach méi héich Reenzommen falen, woubäi iwwert der Äifel bis ëm 100 l/m² an iwwer Nordrhein Westfalen iwwer 150 l/m² berechent ginn – wat awer éierlech gesot als e bëssen iwwerdriwwen opzefaassen ass.


D’Berechnunge vum däitschen ICON bis den Donneschdenowend a Saache Nidderschlagsquantitéiten | Grafik: wxcharts.com

Aner Modeller gesinn, op enger Sträif vum nërdleche Frankräich iwwer BeNeLux & de Nordhallschent vun Däitschland verdeelt, duerchschnëttlech tëscht 20 a 45 l/m² Reen erofkommen. Dëst ass de méi realistesche Wäert – mee mir gesinn eben, dass aneres net 100% onméiglech wier.


Déi vergläichsweis méi realistesch Siicht vum franséischen ARPEGE | Grafik: wxcharts.com

Dann geet et eréischt richteg un…

Nodeems dëst grousst Reen-/Donnerwiedergebitt duerch ass, beweegt sech d’Déifdrockgebitt bis an de spéideren Owend era nëmme lues a Richtung nërdlech Mëtt vun Däitschland. Duerch dës Beweegung & d’Dynamik vum Déif ginn domat extreem fiicht, mee awer och immens waarm Loftmassen an de Süden a Südoste vun Däitschland gedréckt. Punktuell kënnen do Wäerter vun tëscht 35 an 38 Grad optrieden, sollten d’Modeller esou bleiwen.

D’Situatioun ass an zwou Géigenden anzedeelen, an deenen mat Pech méi extreem Phänomeener méiglech wieren:

Mëtt vun Däitschland (Deeler vun Hessen, Thüringen, Süden vu Sachsen-Anhalt, Süden vun Niedersachsen & fläit nach nërdlecht BaWü)

Un der Nordflank vum Donnerwiederdéif & hire Nidderschléi (an deem Fall a Form vun enger Linn) ginn d’Wäerter fir Wandscherung immens an d’Luucht – d’Ännerung vu Wandrichtung- & Vitesse mat der Héicht wäert also an engem bestëmmte Korridor, deen elo nach net genee kann ausfanneg gemaach ginn, immens present sinn. Zesumme mat immens fiichter Loft op Buedemhéicht kënne sech (agelagert) Superzellen forméieren, un deene grouss Knëppelsteng bis 4 cm net ausgeschloss sinn, ënner Ëmstänn och mol 5 cm. De Reen ass souwisou ëmmer nach eng Gefor, mee duerch d’Rotatiounspotenzial wieren och e puer Tornadoen net ausgeschloss – an dës géifen ënnert de momentan simuléierten Ëmstänn och net onbedingt schwaach ausfalen.

Dës extrem Phänomeener géife NET flächendeckend optrieden, mee éischter klengräimeg. Och wann de Risk vun all dem méi groussflächeg besteet, trëfft et am Endeffekt déi mannst.

De Süden vun Däitschland (Alperand, Südbayern, Süd-BaWü)

Am Süde vun Däitschland hu mir net nëmme Scherung an eng immens héich buedemno Loftfiichtegkeet, mee och immens héich CAPE-Wäerter, déi realistesch gesinn mol un den 3500 J/kg kënne krazen. Dat geet duer, fir dass ënner Superzellen Knëppelsteng mat Gréisste vun ëm 5 cm an driwwer kéinten optrieden. D’Gefor vu schwéierem Stuerm bis hin zu Orkan wier och ginn, de Risk vun engem Tornado wier awer duerch eng manner gutt Iwwerlappung vu Wandscherung en Tick manner héich wéi an der Mëtt.


De Schnellduerchlaf vun der viraussiichtlecher gesamter Situatioun en Donneschden | Animatioun: wxcharts.com

Fazit

Dem Donneschden steet en Dag mat schwéieren/potenziell extreemen Onwieder iwwer Däitschland un. D’Déifdrockgebitt erwëscht eis Groussregioun viraussiichtlech mat engem gréissere Reegebitt, an deem spontan och mol gréisser Donnerwiederentwécklunge net onméiglech wieren. Dës wieren awer net extreem/dramatesch. Duerno am Laf vum Dag wieren déi genannt Géigenden iwwer Mëtteldäitschland a Gefor a spéiderhin och Deeler vum Süden mat deels immens heftegen Zeenen.

Zur Widderhuelung: Zu Lëtzebuerg ass d’Potenzial fir déi immens zolitt Phänomeener wäit limittéiert, well mir esou no um Déif géife leien. De Reen sollt een awer trotzdeem net aus den Aen loossen…