Bis ewell hunn eis d’Donnerwieder, wéi erwaart, verschount. Muer um Donneschde komme se eis awer schlussendlech méi no, mir sinn Deel vun enger iwwerregionaler Risikozon. An dëser kann et punktuell zu Iwwerschwemmunge kommen.
Advertisement
Groussflächeg Donnerwiederlag um Donneschden
D’Donnerwieder vu gëschter hate sech exakt un den Donnerwieder-Outlook gehalen a si knapp u Lëtzebuerg laanschtgezunn, um spéideren Owend konnt ee mat Bléck a Richtung Westen de Blëtzer esouguer nokucken. Haut um Mëttwochowend wäert iwwert dem Norde vu Frankräich déi nächst Donnerwiederlag iwwert d’Bühn goen, punktuell besteet de Risk vun zimmlech décke Knëppelsteng. Och dovu gi mir hei zu Lëtzebuerg awer verschount.
Muer um Donneschden, 02.05.2024, ännert sech awer eppes: Iwwer Nuecht verlagert sech d’Déifdrockzon méi wäit an de Nordosten a wäert domat also muer entweder genee iwwert eis oder e klengt Stéckche méi wäit nordëstlech vun eis leien. Dëse klenge mee feinen Ënnerscheed vun der Positioun wäert muer immens grouss Ënnerscheeder kënnen ausmaachen – dohier beliicht dësen Artikel de momentane Modellstand vun den Owend 01.05.2024 – 18:23 Auer. Egal wéi d’Positioun am Endeffekt ausfällt, iwwer Deeler vu BeNeLux esouwéi och dem Westen, der Mëtt an Deeler vu Süddäitschland besteet op alle Fall de Risk vu punktuellen Iwwerschwemmungen.
De Verlaf
Iergendwann tëscht dem Virmëtten an dem fréie Nomëtte kënnt et viraussiichtlech zu den éischten Donnerwieder-Entwécklungen iwwert dem äusserste Nordoste vu Frankräich esouwéi fläit och schonn Deeler vu Südhessen, Norde vu Baden-Württemberg oder och dem Saarland. Spéitstens am Nomëtte geréit Lëtzebuerg matten an déi Donnerwieder-ufälleg Zon, d’Potenzial fir méi kräfteg Zellen ass awer wuel un der Nordspëtzt resp. dem Grenzgebitt zu der Belsch an och Däitschland am héchsten. Zu dësem Zäitpunkt léisen och iwwer aneren Deeler, wéi beispillsweis Nordrhein-Westfalen, Hessen, Sachsen-Anhalt a Bayern, Donnerwieder aus.
Wa mir Chance hunn, da leie mir just tëscht 15 a +/- 18 Auer an engem méi “krittesche” Beräich a Saachen Iwwerschwemmungsrisk duerch bal-stationär Donnerwiederzellen mat Staarkreen – wéi gesot, tendenziell éischter den äusserste Norde vum Land. Duerno reent et zwar weider, mee d’Intensitéit hëlt of. Dëse Reen zitt sech bis an de Freiden eran.
Dat meescht geschitt iwwer däitschem Gebitt, an dat wéi an engem Bou bis an déi belsch Äifel a fläit esouguer nach bis an de Raum Bréissel eran. Sollt d’Déif awer en Tick méi wäit südlech zéie wéi aktuell vermutt, da géif d’Saach manner gutt fir Lëtzebuerg ausgesinn. Zitt d’Déif méi wäit nërdlech, da wiere mir quasi raus aus dem Haapt-Geforegebitt.
Haalt Météo Boulaide fir Updates am Aen.