Dräi astronomësch Phänomener gläichzäitëg

De Mëttwoch kënnt ët zu dräi astronomësche Phänomener, déi sëch zur selwechter Zäit ofspillen. Riets ass vun engem Supermound, engem Blue Moon an enger Bluttmound-Finsternis.

Waat stëcht dohannert?

Zanter dem 30. Dezember 1982 ass ët nët méi virkomm, dass dës dräi Phänomener zur selwechter Zäit um Himmel ze gesi waren. Mee waat sinn déi dräi Phänomener iwwerhaapt?

Supermound: Dëst Phänomen ass nët sou rar a kënnt direkt ë puer mol am Joer vir. Ët beschreift de Mount, deen däitlech méi grouss um Himmel ze gesinn ass, wéi normalerweis. Am Wanter ass de Mound méi no un der Ärd. En ass ongeféier 360.000 Kilometer vun eis ewech, woubäi ët am Summer soss ëm déi 400.000 Kilometer sinn. Wann de noste Punkt an och de Vollmound gläichzäitëg ereecht ginn, schwätzt ee vun engem Supermound.

Blue Moon: De Blue Moon kléngt vill méi spannend, wéi en eigentlëch ass. De Mound wärt nët als bloen Himmelskierper ze beobachte sinn, mee ët beschreift einfach den zweete Vollmound innerhalb vun engem Mount. Dëst kënnt nët all ze oft vir, all zweeanhallëft Joer kann daat ongeféier virkommen.

Mounddäischtert: Dës Däischtert wärt eng total Mounddäischtert sinn. Dëst geschitt, wann de Mound duerch de Kärschied vun der Ärd wandert. Total Mounddäischterte kommen am Duerchschnëtt zwee mol am Joer vir a si soumadde bei wäitem nët sou rar wéi total Sonnendäischterten. Déi nächst, besser siichtbar Mounddäischtert wärt sëch de 27. Juli 2018 bei eis ofspillen.

A wéi Dir gesidd, gesidd Dir näischt

Stëchwuert besser siichtbar: Dës dräi Phänomener spille sëch de Mëttwoch, 31. Januar 2018 vun 11:51 Auer un of an dauere bis 17:00 Auer eiser Zäit. Mir wärten allerdéngs wuel kaum eppes dovunner gesinn, well de Mound de Moien um 8 Auer ënnergeet, a réicht rëm um 17:35 Auer opgeet.

Wéi gesoot, wärt sëch de 27. Juli 2018 eng besser Chance ubidden, och wann ët da just eng total Mounddäischtert ass. Réicht a knapp 20 Joer, den 31. Januar 2037, gesi mir rëm déi selwecht Konstallatioun wéi de Mëttwoch.