Dréchent: Aussiichten op Reen si weiderhi schlecht

Déi puer Drëpsen/Schaueren aus de leschten Deeg, déi och nach laang net iwwerall opgetruede sinn, hu näischt bruecht. Och déi weider Aussiichte sinn éischter net esou gutt.

Dréchent geet virun

An de leschten Deeg a Wochen hate mir ëmmer erëm Bränn ueschter d’Land – kee Wonner: duerch d’Dréchent ass d’Gefor vu Bränn duerch entweder direkt oder indirekt Brandstëftung immens héich. Schonn nëmmen eng Zigarett kann duergoe, fir e gréissere Brand auszeléisen.

Un dësen Tatsaache wäert sech an de nächsten Deeg a méiglecherweis och Woche net all ze vill änneren. Den amerikanesche GFS huet fir de Rescht vun dëser Woch nach héchstens 1 l/m² ageplangt, den europäeschen ECMWF ass mat 1 bis héchstens 3 l/m² minimal méi optimistesch ënnerwee.


Den akkumuléierte Reen bis de 7. August, berechent vum ECMWF | Grafik: wxcharts.com

Woe mir e Bléck méi wäit an d’Zukunft: bis de 7. August sollen dem GFS no net all ze grouss Zommen dobäikommen. Bis dohi stinn akkumuléiert Quantitéite vu grad emol 2 bis 4 l/m² um Programm. Dem europäesche Modell no soll an Tëschenzäit quasi näischt dobäikomm sinn, nämlech ass dëse bei ëmmer nach just tëscht 1 an 3 l/m² stoe bliwwen.

Eng kleng Hoffnung gëtt et dem GFS no fir den 8. August: et ginn Donnerwieder simuléiert, déi punktuell mol 30 l/m² brénge kéinten. Dëst ass awer just eng Moment-Opnahm a ka schonn beim nächste Modell-Laf verschwonne sinn. Dës Léisung sollt een also nach net wierklech eescht huelen.