Dréchent: Risk vu Vegetatiounsbränn weiderhin erhéicht

Den August ass ze dréchen op en Enn gaangen, fir de September huet et op ville Plaze nach iwwerhaapt guer net gereent. De Risk vu Vegetatiounsbränn geet an d’Luucht.

De meteorologesche Summer ass gelaf an huet sech alt erëm als ze waarm an däitlech ze dréche gewisen. Mir hunn elo also meteorologesch gesinn Hierscht, mee dat schéngt d’Wieder net ze stéieren. Den Dënschde kéint et lokal begrenzt erëm fir 35 Grad duergoe, wat fir dës Joreszäit awer schonn uerdentlech ass. Wéi an dësem Artikel schonn erwäänt (Link), ass bis de Mëttwoch och net mat nennenswäerte Reequantitéiten ze rechnen.

De Risk vu Vegetatiounsbränn klëmmt net nëmmen wéinst der unhalender Dréchent, mee och duerch eis Menschen. Elo wou et erëm fir e puer Deeg richteg waarm gëtt, zitt et d’Leit un de Stauséi oder soss iergendwou hi, wou se sech gären ofkillen an e gemittlechen Dag verbrénge géifen. Dobäi klëmmt awer d’Warscheinlechkeet, dass Saachen an d’Natur gehäit ginn, déi Bränn provozéiere kënne. Ganz heefeg: Zigaretten oder Reschter vun der Grillkuel. Op verschiddene Plazen ass et esou dréchen, dass schonn de geréngste Fonken e Brand veruersaache kann. Denkt dowéinst w.e.g e bëssen un d’Natur an entsuergt Ären Offall esou, wéi et virgesinn ass.

Eréischt de Mëttwoch klëmmt erëm eng kleng Warscheinlechkeet vu lokal begrenzte Schaueren. Méi dozou fannt Dir hei.