Dréchent spëtzt sech zou: Kee nennenswäerte Reen an Aussiicht

Nieft de summerleche bis héichsummerlechen Temperature gëtt d'Situatioun ronderëmt d'Dréchent ëmmer méi eescht. Verbëtzt keen Drénkwaasser, maacht keen oppent Feier a geheit näischt an d'Natur, wat e Brand ausléise kann.

Dréchent gëtt ëmmer méi markant

Net nëmmen d’Donnéeë vun de ville Wiederstatiounen am Land deiten et un, mee och d’Natur selwer: et ass vill ze dréchen dobaussen. Wann een alleng de Juli kuckt, dann huet et dëse Mount op ville Plaze nach guer net wierklech gereent. Punktuell, haaptsächlech a Richtung Nordosten an äusserste Norde vum Land, sinn zanter dem éischte Juli grad mol 1 bis 2 l/m² erofkomm – Zommen, déi eis Natur bei wäitem net virun enger Verschäerfung vun der Dréchent rette wäerten.

Weider Aussiichte sinn immens dréchen

Et kann ee mat enger grousser Sécherheet soen, dass eis och a noer Zukunft kee nennenswäerte Reen usteet. Mat ganz vill Chance kann et mol punktuell zu e puer “Drëpsen op de waarme Steen” kommen – dëst bréngt der Natur, wéi schonn gesot, awer iwwerhaapt näischt.

Den amerikanesche Wiedermodell GFS rechent bis de 19. Juli mat genee 0 l/m² Reen fir Lëtzebuerg, den europäeschen ECMWF ass bis dohin mat héchstens 1 l/m² ënnerwee. No dësem Datum kënnen eis bis Ufanks August zwar wuel e puer eenzel Schaueren oder punktuell Donnerwieder ustoen. D’Saach ass just déi, dass dës dann och erëm meeschtens net jiddereen treffen – “Nidderschlagslächer” wäert et also och sécherlech erëm ginn. Esou besteet d’Warscheinlechkeet, dass et, op mannst punktuell begrenzt, fir de Rescht vum Juli op verschiddene Plazen iwwerhaapt net méi reent.


Déi simuléiert akkumuléiert Reequantitéite bis Enn Juli | Grafik: wxcharts.com

Do, wou et dann reent, geet et och net mat 10 l/m² duer. A sollt et dann zu engem punktuell méi kräftegen Donnerwieder kommen, wier och séier den Iwwerschwemmungsrisk do, well d’Waasser einfach net an de Buedem erasickere kann. Dat, wat d’Natur brauch, ass eng naass Grousswiederlag bei där et ëmmer erëm zu méi laang unhalendem, mee liichtem bis hin zu méissegem Reen kënnt, groussflächege Landreen also. D’Chancen dorop sinn awer immens geréng.


D’Nidderschlagsanomalien fir de Juli, berechent vum europäesche Laangzäitmodell. Tëscht 40 a punktuell méi wéi 50 l/m² sollen eis bis Enn Juli u Reen feelen. | Grafik: effis.jrc.ec.europa.eu

Drénkwaasser net verbëtzen, verantwortungsbewosst mat der Natur ëmgoen

Bei dësen Aussiichten ass et also kee Wonner, dass d’Administration de la gestion de l’eau eng “phase de vigilance” an d’Weeër geleet huet. Et gëtt geroden keng Autoe méi ze wäschen, d’Wiss net ze nätzen an och keng Basenge méi ze fëllen.

Zousätzlech gëllt och, keen oppent Feier ze maachen an op kee Fall Zigaretten an d’Natur ze geheien. An de nächste Woche wäert déi geréngst Stéierung duerch Fonken duergoen, dass direkt de Risk vun engem Brand besteet. Gitt verantwortungsbewosst mat der Natur ëm, well déi huet keng liicht Zäit viru sech.